
A Frankräich gëtt en Dënschdeg am ganzen ëffentlechen Déngscht gestreikt. Dozou opgeruff huet d'Intersyndicale vun de Gewerkschafte CGT, FO, CFDT, UNSA, FSU, Solidaires, CFE-CGC an FA-FP. D'Zil ass et, zwee Deeg virun der Presentatioun vum Budget fir 2027 Drock op d'Regierung auszeüben. D'Gewerkschafte stéiere sech virun allem dorun, dass d'Regierung an hirem Budget virgesäit, de Punktwäert an der Fonction publique anzefréieren, also net ze erhéijen.
Uechter Frankräich sinn iwwer 170 Manifestatioune geplangt. Déi éischt, zu Marseille an Arras solle schonn am Laf vum Moie lassgoen. Zu Paräis ass den Optakt fir 14 Auer geplangt.
An der Haaptstad gëtt iwwerdeems domat gerechent, dass tëscht 5.000 an 10.000 Pompjeeë beim Cortège vun der Manif mattrëppele wäerten. Si wäerte fir d'éischt an engem eegene Cortège vun der Place d'Italie bei d'Bastille trëppelen, éier si sech der Manifestatioun vun de Fonctionairen uschléissen, déi hirersäits vun der Place de la République bei d'Place de la Nation trëppelen.
De Protest vun der Intersyndicale steet ënnert der Iwwerschrëft vun der Kafkraaft. Zanter 2017 gouf de Punktwäert an der franséischer Fonction publique zwee Mol gehéicht: 2022 ëm 3,5 an 2023 ëm 1,5 Prozent. Am Ganzen entsprécht dat enger Hausse vun de Paie vun eppes iwwer 5 Prozent. Ma den Zuele vun der nationaler Statistik-Agence "Insee" no géif d'Präisdeierecht zanter 2017 bis Enn 2026 bei 24,17 Prozent leien.
Iwwerdeems gëtt domat gerechent, dass och de Protest vun de Paräisser Lycéesschüler, deen zanter ugangs leschter Woch amgaangen ass, en Dënschdeg weidergeet. D'Schüler vun de Lycéeë vun der Haaptstad versammele sech zanter enger Woch virun hire Schoulgebaier an demonstréieren ënner anerem, géint en ze groussen Effektiv vun de Klassen, d'Absence vun de Proffen an de Leeschtungsdrock.