Protester a franséische Lycéeën"Gewalttäteg Aktioune kënnen net toleréiert ginn"

AFP, iwwersat vun RTL
An der Regioun Île-de-France blockéiere Schüler zanter Ufank leschter Woch eng Rei Lycéeën. Dat betrëfft virun allem d'Departementer Val-de-Marne a Seine-Saint-Denis.
© MUSTAFA YALCIN/Anadolu via AFP

Den Inneministère an den Educatiounsministère vu Frankräich hunn e Méindeg gewarnt, datt d'Police agräife géif, wann et zu Gewalt an enger kompletter Blockad vu Lycéeë géif kommen.

Schlecht Konditiounen an de Lycéeën

Zanter Ufank leschter Woch ginn et an enger Réi Lycéeën an der Regioun Île-de-France Protester géint ze grouss Klassen, ze laang Stonnepläng, feelend Enseignanten, de Leeschtungsdrock an d'Konditiounen an de Lycéeën.

"Mir sinn e Lycée, deen net grad gutt opgestallt ass... Mir si 34 Schüler an der Klass, an heiansdo hu mir net genuch Still oder Dëscher fir jiddereen", sou den Abdelaziz, 14 Joer al.

D'Police mellt 21 Festnamen

E puer Blockade sinn eskaléiert: et koum zu Mënschemassen, Materialschied, Bränn a verschidde Schüler hu mat Knupperte geschoss.

E Freideg goufen an der Paräisser Regioun 21 Persoune festgeholl.

Der "Académie de Créteil" no wieren eng Dose Lycéeën e Freideg blockéiert ginn. Et géif een dovun ausgoen, datt d'Protester éischter méi grouss ginn, wéi méi kléng.

Friddleche Protest oder total Blockad?

D'Regierung mécht en Ënnerscheed tëscht friddlechem Protest, dee respektéiert soll ginn, a Gewalt oder totaler Blockad, bei där d'Police agräife kéint.

"Och wann d'Meenungsäusserung vun de Lycéesschüler respektéiert muss ginn, kënne gewalttäteg Aktiounen net toleréiert ginn", sou den Inneminister Laurent Nuñez an den Educatiounsminister Édouard Geffray.

Zanter Ufank September sinn déi regional Sécherheetsbeamten 120 Mol intervenéiert.

Alert wéinst politescher Instrumentaliséierung

Verschidde Politiker hunn d'Schüler ënnerstëtzt, anerer warne virun enger politescher Instrumentaliséierung vun de Lycéesschüler.

"D'Problemer an de Schoule musse behandelt ginn […] mee d'Jugend politesch ze instrumentaliséieren an d'Schüler dovunner ofhalen ze léieren, léist kee Problem," sot den Édouard Geffray lescht Woch.

Back to Top
CIM LOGO