
Lëtzebuerg ass vun den annoncéierte schlëmme Wiedere verschount bliwwen. A Frankräich dogéint ass en Donneschdeg den Owend notamment d'Géigend ëm Paräis vu Stuerm, Knëppelsteng an déckem Reen getraff ginn. Den ëffentlechen Transport war mat Amenter perturbéiert, et si Beem an d'Stroosse gefall, Kellere goufen iwwerschwemmt an an enger Partie Stied waren d'Parke preventiv zougemaach ginn. Fir e Freideg huet Meteofrance eng "vigilance orange" fir 23 Departementer erausginn.
Den Däitsche Wiederdéngscht huet fir e Freideg eng Warnung virun deels kräftege Donnerwiederen erausginn. Besonnesch betraff wäert de Südoste vu Bayern sinn. Méi wéi 30 Liter pro Quadratmeter solle bannent kuerzer Zäit méiglech si mat Knëppelsteng a Wandstéiss tëscht 100 an iwwer 120 Stonnekilometer.
Eréischt am Laf vum Freidegnomëtteg soll sech d'Meteo nees berouegen.