
Well ëmmer méi Leit mat E-Scooteren accidentéieren, gëllt zu Paräis vun elo un eng Helmflicht. Wéi d'Police an der franséischer Haaptstad e Samschdeg matdeelt, mussen all d'Chauffere vun E-Scooteren, déi zu Paräis an den direkte Viruerter ënnerwee sinn, nieft engem Helm och eng Warnwest oder aner reflektéierend Objeten droe mussen. Ouni Helm gëtt et eng Geldstrof vun 135 Euro, ouni West oder Reflektere 35 Euro.
Déi franséisch Haaptstad huet schonn 2023 all E-Scooteren, fir ze léinen, verbueden. Roller am Privatbesëtz si vum Verbuet awer net betraff. Wéi d'Police matgedeelt huet, ware fir d'lescht ëmmer méi Accidenter mat E-Scootere geschitt. En "erhieflechen Undeel" vun de Betraffenen hätt schwéier oder déidlech Kappblessure gehat.
Zejoert wieren deemno 79 Leit, déi keen Helm unhaten, gestuerwen - 34 méi wéi dat Joer virdrun. Betraff waren deemno virun allem Chauffere vun E-Scooteren, Segways an Hoverboards. Ronn 1.100 Chauffere goufen deemno 2025 schwéier blesséiert - 33 Prozent méi wéi 2024.