
Zejoert hat d'Police bal 16.500 esou Accidenter an domat 38,1 Prozent méi wéi nach 2024 registréiert, wéi et en Donneschdeg vum Statisteschen Bundesamt zu Wiesbaden heescht. 38 Leit si bei Accidenter, an déi en E-Scooter verwéckelt war, gestuerwen - eelef méi wéi dat Joer virdrun. Dobäi kéimen 1.895 Uerg- a 16.184 Liichtblesséierter.
D'Statistiker hunn och ausgewäert, ob d'Leit den E-Scooter selwer gefuer sinn, matgefuer oder Foussgänger, Cyclisten oder Automobiliste waren, déi vun den Accidenter betraff waren. Mat 14.936 Accidentéierten oder engem Undeel vun 82,4 Prozent war de gréissten Deel Chauffere vun E-Scooteren, dorënner och 32 vun den 38 Doudegen.
Leit, déi op engem E-Scooter matgefuer sinn, hunn 822 Accidentéierter ausgemaach, wat en Undeel vu 5,5 Prozent entsprécht - an engem Fall ass ee Matfuerer gestuerwen. E-Scooter sinn an Däitschland zwar nëmme fir ee Chauffer zougelooss, allerdéngs notzen ëmmer nees zwee oder méi Leit d'Scooteren.
Bei de fënnef Doudesaffer, déi net zu de Chaufferen oder de Matfuerer gehéieren, handelt et sech ëm dräi Foussgänger, ee Cyclist an een Automobilist. Accidenter mat E-Scooteren hu vergläichsweis e klengen Undeel un den am Ganzen 297.364 Verkéiersaccidenter vum Joer 2025 ausgemaach - den Undeel ass allerdéngs bannent engem Joer vu 4,1 op 5,5 Prozent geklommen.
Der Statistik no sinn am meeschte jonk Leit an Accidenter mat E-Scootere verwéckelt. 53,6 Prozent vun de Betraffene ware méi jonk wéi 25 Joer, 83,7 Prozent méi jonk wéi 45 Joer. Nëmmen 3,1 Prozent vun de Betraffene ware 65 Joer oder méi al.
Als Ursaachen huet d'Police verschidde Feelverhale registréiert. Mat 21,6 Prozent wier déi falsch Benotzung vun der Fuerbunn oder dem Troittoire déi heefegst Ursaach gewiescht - op den Trottoiren ass et eigentlech verbueden, mam E-Scooter ze fueren. En Undeel vu knapp eelef Prozent vun de Betraffenen hat ze vill Alkohol gedronk, woumat deen Undeel méi héich war wéi bei de verongléckte Cyclisten am Joer 2025, vun deene 7,7 Prozent alkoholiséiert ënnerwee waren.
Drëttheefegst Ursaach fir Accidenter mat E-Scootere war mat 8,4 Prozent eng net ugepasst Vitess. Dono kommen Ofbéien, Dréinen, hannerzeg Fueren an An- an Ufueren. Ronn d'Hallschent vun de Leit goufe bei Kollisioune mat Autoe blesséiert a bei 30,5 Prozent vun den Accidenter ware keng aner Leit bedeelegt - vun den déidlech Verongléckten ass souguer knapp d'Hallschent bei Accidenter gestuerwen, an déi keen anere verwéckelt war.