
Den iranesche President Massud Peseschkian huet zouginn, datt den Iran grad eng schwiereg Zäit misst duerchmaachen. "Ech si mir bewosst, datt eis Gesellschaft den Ament mat ville Schwieregkeeten ze kämpfen huet." An enger Ried, déi op der Staatstëlee iwwerdroe gouf, sot hien nach et géif een alles maachen, fir datt d'Situatioun net nach méi schlëmm gëtt. Den iranesche Staatschef huet d'Menace vum US-President Donald Trump genannt, bal sechs Méint nom Ufank vum Iran-Krich elo e Wirtschaftskrich géint Teheran ze lancéieren, fir déi iranesch Regierung ze stierzen.
Am Dezember zejoert waren d'Leit wéinst den héije Liewenskäschten op d'Strooss gaangen. Teheran huet zouginn, datt et wärend de Protester méi wéi 3.000 Doudeger gouf. D'Regierung mécht awer d'USA an Israel fir d'Gewalt responsabel. Mënscherechtsorganisatiounen am Ausland deelen déi Meenung net. D'Protester wiere vun Teheran mat Brutalitéit a Gewalt gestoppt ginn an et wieren dausende Leit ëmbruecht ginn.