Gedenken un d'Affer vun 1988Exil-Iraner maachen op Situatioun am Land opmierksam

Diana Hoffmann
Eng gutt Dosen Exil-Iraner hunn e Samschdeg am Nomëtteg op der Place Clairefontaine un d'Massaker vun 1988 erënnert a gläichzäiteg op déi aktuell Mënscherechtslag am Iran opmierksam gemaach.

Et ass e Gedenken un Affer, wéi et se och haut nach am Iran gëtt. U jonk Mënschen, Studenten, Universitéitsprofesseren an normal Leit, déi sech géint de Regime gestallt hunn. D'Fotoen, déi d'Association Humanitaire pour les droits de l'homme et la démocratie en Iran an d’Association des Jeunes Iraniens au Luxembourg op der Clairefontainesplaz opgestallt hunn, weisen hir Gesiichter.

Maniff vun den Iraner op der Place Clairefontaine / Rep. D. Hoffmann

Aktuell ginn et a ville Stied an Europa Manifestatiounen, fir den Dausenden Affer vum Massaker vun 1988 ze gedenken. D'Exekutioune goufen deemools no enger Fatwa vum Ayatollah Ruhollah Khomeini an de Méint nom Enn vum Iran-Irak-Krich duerch sougenannt "Doudeskommissiounen" ëmgesat. Amnesty International geet haut vu bis zu 5.000 Affer aus. Exilorganisatioune nennen däitlech méi héich Zuelen, mat bis zu 30.000 Affer.

Wärend dem Gedenken op der Place Clairefontaine, op där sech eng gutt Dose Manifestanten zesummefonnt hunn, seet d'Aysan Saber vun der Associatioun vun de Jonken Iraner zu Lëtzebuerg: "Trotz der Zäit, déi vergaangen ass, fiert de Regime mat seng Strategie virun an exekutéiert onschëlleg Leit, déi géint de Regime sinn a géint dëse protestéieren." Si weist op déi faarweg Fotoen: "Dës Mënsche goufen an de leschte Méint higeriicht."

An éischter Linn geet et de Manifestanten dorëms, op d'Mënscherechtssituatioun am Iran opmierksam ze maachen. Vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun erwaarden si sech, datt Hiriichtunge konsequent verurteelt ginn an den Drock op den Iran erhéicht gëtt. Dat ënner anerem, andeems Handelsbezéiunge mam Iran ofgebrach ginn. Dobäi sinn déi wirtschaftlech Bezéiunge vun der europäescher Unioun mam Iran aktuell duerch d’Sanktioune schonn däitlech zréckgaangen.

D'Manéier, mat där den iranesche Regime géint Oppositioun virgeet, kennen d'Manifestanten deels aus eegener Erfarung. De Majid Aghasani, Tresorier vun der Associatioun erzielt, dass hien 1982 als 19 Joer ale Student wéinst politescher Aktivitéit festgeholl gouf, nodeems hie Flyere verdeelt hat. "Sechs Joer war ech am politesche Prisong. Zwee Joer war ech an der Salle d'Attente fir meng Hiriichtung." Nëmmen duerch d'Hëllef vun engem Familljemember, dee Kontakter mat engem Riichter hat, konnt hie fräikommen. Zanter 2003 lieft hien zu Lëtzebuerg.

Och d'Farideh Absalan, Presidentin vun der Associatioun, erzielt vun engem perséinleche Schicksal. "Zwee vu menge Bridder goufe vum Regime ëmbruecht", seet si. Ee wier mat 16 Joer als Lycéesschüler festgeholl ginn, fënnef Joer am Prisong gewiescht a spéider higeriicht ginn. Deen anere Brudder war 20 Joer al wéi hie vum Regime ëmbruecht gi wier. An d’Viséier wier d’Famill geroden, wëll si d’Volleksmuschahedin vum Iran ënnerstëtzt hunn. D'Volksmudschahedin sinn eng iranesch Oppositiounsorganisatioun am Exil, déi sech fir e Regimmwiessel am Iran asetzt.

Op der Place Clairefontaine war dann och e Portrait vun der Maryam Rajavi ze gesinn, der Presidentin vum National Council of Resistance of Iran. Dësen nationale Resistenzrot gëllt als politeschen Aarm vun de Volleksmuschahedin. D'Manifestante kënne sech virstellen, datt hir Oppositiounsbeweegung am Fall vun engem Regimmwiessel eng Roll beim Opbau vum Land spille kéint. Eng Organisatioun, déi awer och ënner Exil-Iraner ëmstridden ass.

Gläichzäiteg betounen d’Manifestanten awer och, datt d'Zukunft duerch fräi an demokratesch Wale misst decidéiert ginn. "Eisen Haaptslogan ass kee Schah a kee Mullah. Mir si géint déi al Monarche, wat och eng Diktatur war. A mir si géint den aktuelle Regime well et eng reliéis Diktatur ass", seet de Majid Aghasani. Am Iran géingen et genuch Intellektueller ginn, fir d’Land opzebauen.

No der Aschätzung vun de Manifestanten huet de rezente Krich d'Situatioun am Iran nach verschäerft. Nieft héijer Inflatioun, wirtschaftleche Schwieregkeeten an enger prekärer Versuergung mat Waasser a Stroum wier et fir vill Mënschen nach méi schwéier ginn, sech ze organiséieren oder ze manifestéieren. "Dat iranescht Vollek kann dowéinst net äntwerten", dréckt et d'Farideh Absalan aus.

Fir d'Organisateure geet et dofir net nëmmen ëm d'Affer vun 1988, mee och ëm déi Mënschen, déi och haut nach am Iran wéinst hirer politescher Haltung ëmmer nach géinge verfollegt an ëmbruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO