
Wéi et vun der belscher Santé heescht, wieren entretemps iwwer 300 Leit mat Salmonellen infizéiert, nodeems si kontaminéiert Eeër giess hunn.
Vue datt net alleguerten déi Concernéiert bei en Dokter gaange sinn, geet ee vun enger däitlech méi héijer Zuel aus. Déi belsch Agence fédérale pour la sécurité de la chaîne alimentaire - kuerz "Afsca" - huet e Réckruff lancéiert an och weider europäesch Länner alertéiert, an deenen d'Eeeër verkaf goufen. Dorënner Frankräich, Italien, Spuenien, Portugal an och Lëtzebuerg. Dat mellt déi belsch Zeitung "Le Soir".
Déi infizéiert Eeër droen d'Coden 2-BE-1073-01, 2-BE-1073-02, 2-BE-1073-03 et 2-BE-1073-04 a goufen an enger Rei Supermarchéen an der Belsch wéi Carrefour, Aldi, Delhaize a Colruyt verkaf.
Och zu Lëtzebuerg war Mëtt dës Mounts an deem Kontext e Réckruff lancéiert ginn. Hei am Land waren d'Produite vun der Colruyt Group tëscht dem 16. Juli an 10. August verkaf ginn.
Déi aktuell Salmonellen-Epidemie a Groussbritannien soll iwwerdeems mat dëser an der Belsch näischt ze dinn hunn.
Eng Salmonellen-Infektioun féiert an der Reegel zu Mo-Daarm-Probleemer, Erbriechen, Duerchfall, dacks begleet vu Féiwer a Kappwéi.
Méi Detailer fannt Dir am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Infos.