Méiglech Präsenz vu SalmonellenEeër vun de Marken "Econome" an "Everyday" ginn zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Béid Produite goufen hei am Land vun der Colruyt Group verkaf.
© RTL Grafik

Vun der Mark "Econom" sinn d'"Œufs bruns de poules élevées au sol L" betraff, déi an 30er Päck verkaf goufen, dat tëscht dem 16. Juli an dem 10. August. D'Eeër hunn d'Coden 2-BE-1073-01; 2-BE-1073-02; 2-BE-1073-03 an 2-BE-1073-04.

Bei "Everyday" sinn et d'"Œufs de poules élevées au sol M", déi an 12er Päck verkaf goufen, dat och a selwechten Zäitraum. D'Nummeren hei sinn 2-BE-1073-01; 2-BE-1073-02; 2-BE-1073-03 an 2-BE-1073-04.

All weider Detailer fannt der op "lu-alert.lu"

Back to Top
CIM LOGO