Net mam Glawe vereenbarJD Vance wëll Livestream vun Exekutioun net kucken

RTL mat AFP
Den Donald Trump hat rezent annoncéiert, datt een den Terrorist, deen op enger Militärbasis am Joer 2009 13 Leit ëmbruecht huet, géif per Erschéissungskommando exekutéieren.
Den JD Vance schwätzt no senger Arrivée op der "Joint Base Andrews" am US-Bundesstaat Maryland mat Journalisten
Den JD Vance schwätzt no senger Arrivée op der "Joint Base Andrews" am US-Bundesstaat Maryland mat Journalisten.
© MATT ROURKE/AFP

Nieft der Annonce, datt den Attentäter soll erschoss ginn, huet den US-President och matgedeelt, datt hien driwwer nodenkt, dës Exekutioun live ze iwwerdroen. Si ass fir den 3. Dezember ugesat.

Op Nofro vun engem Reporter huet elo de Vizepresident JD Vance matgedeelt, datt hien d'Exekutioun net géif kucken, och wa se op der Tëlee oder am Livestream ze gesi wier. "Och wa se live gestreamed gëtt, ech wäert se net kucken", esou den US-Vizepresident. De Reporter hat den JD Vance gefrot, wéi eng Exekutioun, déi live iwwerdroe gëtt, mat dem US-Vizepresident sengem chrëschtleche Glawen kéint iwwertenee stëmmen.

Back to Top
CIM LOGO