Amokleefer op US-MilitärbasisTrump stëmmt Hiriichtung duerch Erschéissungskommando zou

RTL mat AFP
2013 hat en Amokleefer 13 Leit op enger Basis vum US-Militär ëmbruecht. Elo soll hien exekutéiert ginn.
Nach um Owend selwer vun dem Amoklaf de 6. November 2009 stoungen déi Responsabel vum Fort Hood der Presse Ried an Äntwert.
Nach um Owend selwer vum Amoklaf de 6. November 2009 stoungen déi Responsabel vum Fort Hood der Press Ried an Äntwert.
© JOE RAEDLE/Getty Images via AFP

Dem Pentagon no huet den US-President Donald Trump gréng Luucht ginn, fir de verurteelten Amokleefer Nidal Hasan hinzeriichten. De Mann hat 2009 13 Leit op enger Militärbasis vun der US-Arméi ëmbruecht. De Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet "proposéiert, datt de verurteelten Terrorist Nidal Malik Hasan duerch en Erschéissungskommando vun der US-Arméi higeriicht gëtt", esou de Spriecher vum Pentagon Sean Parnell e Méindeg op X. Den Donald Trump hätt deem "zougestëmmt".

De Pete Hegseth wäert nach "den Zäitpunkt an d'Plaz" vun der Hiriichtung festleeën, sou de Parnell. Weider schreift hien, datt "fir den Hasan elo endlech den Dag vum Geriicht komm ass". Et ass déi éischte Kéier zanter 1961, datt d'US-Arméi eng Hiriichtung duerchféiert.

Den deemolege Psychiater vun der Arméi Nidal Malik Hasan, en US-Bierger mat palästinenseschen Originnen, hat 2009 op der Arméibasis Fort Hood am US-Bundesstaat Texas bei engem Amoklaf zwielef Zaldoten an een Zivilist erschoss esou wéi 30 Zaldote verletzt. En US-Militärgeriicht hat hien 2013 fir schëlleg befonnt an d'Doudesstrof ausgeschwat. D'Geriicht hat et als erwisen ugesinn, datt d'Dot vun der Ideologie vum Terrornetzwierk Al-Kaida inspiréiert war.

Den Hasan gouf beim Amoklaf ugeschoss an ass zanterhier geläämt. Beim Prozess hat hien decidéiert, sech selwer ze vertrieden. Allerdéngs hat hie keng Zeien opgeruff, sot net aus an huet net probéiert, d'Punkten, déi géint hie virgeluecht goufen, ofzestreiden. Säi Verdeedeger, deen hien zur Säit gestallt krut, hat den Androck, datt den Hasan op d'Doudesstrof ugestrieft hätt.

Back to Top
CIM LOGO