Nom Doud vum Kinnek HaraldKinnek Haakon leet säi Eed virum norwegesche Parlament of

AFP, iwwersat vun RTL
Vun en Dënschdeg un ass dann och de Sarg vum verstuerwene Kinnek Harald an Schlass-Kapell zu Oslo opgeboort, dat bis d'Begriefnis den 9. September.
© CORNELIUS POPPE/AFP

De norwegesche Kinnek Haakon leet en Dënschdeg géint 13 Auer als neie Monarch säin Eed am norwegesche Parlament of. Hien schwiert domadder op d'Verfassung, dem Vollek ze déngen. Eng Kréinung gëtt et an Norwegen schonn zënter dem Joer 1908 net méi.

Vun en Dënschdeg de Mëtteg 14 Auer un ass sengem verstuerwene Papp, dem Kinnek Harald, säi Sarg dann och an der Schlass-Kapell zu Oslo opgeboort, wou d'Leit wärend enger Woch kënnen defiléieren, fir him Äddi ze soen. Dat offiziellt Begriefnis ass dann de 9. September 2026.

Back to Top
CIM LOGO