
De bosnesch-serbesche Krichsverbriecher Ratko Mladic, deen en Donneschdeg zu Den Haag an engem Spidol gestuerwen ass, soll a Serbien mat staatlechen a militäreschen Éiere bäigesat ginn. De fréieren Arméi-Chef vun de bosnesche Serbe wäert "all militäresch a staatlech Éieren erhalen, op déi hien Usproch huet", sou de serbesche Justizminister Nenad Vujic an engem Radiosinterview.
De Mladic hat no senger Verurteelung duerch de Strofgeriichtshaff fir dat fréiert Jugoslawien liewenslaang am Prisong gesiess, dat wéinst Vëlkermord, Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet wärend dem Bosnien-Krich vun 1992 bis 1995. Ënnert sengem Kommando war et am Juli 1995 zum Massaker vu Srebrenica komm, wéi seng Truppen eng UN-Schutzzon gestiermt a ronn 8.000 muslimesch Männer a Jongen ëmbruecht haten.
Wéini dem Mladic säi Kierper vun den hollänneschen Autoritéite wäert iwwerstallt ginn, ass nach net bekannt. Serbesch Vertrieder wieren och bereet, op Den Haag ze reesen, soubal déi nächst Schrëtt géinge feststoen, sou de Justizminister Vujic weider. De fréiere Generol hat jorelaang gesondheetlech Problemer an e puermol e Schlag erlidden. E Verleeën an e Militär-Spidol zu Belgrad war awer bis zum Schluss ëmmer refuséiert ginn.
An Deeler vu Serbien an der bosnesch-serbescher Republika Srpska gëtt de Mladic bis haut veréiert. De fréiere President vun der Republika Srpska Milorad Dodik hat de Mladic no sengem Doud als "grouss Perséinlechkeet fir d'serbescht Vollek" bezeechent.