AfD esou staark wéi niLauden e Sonndeg d'Walen a Sachsen-Anhalt eng nei Ära an der däitscher Politik an?

Jeannot Ries
RTL mat AFP
Fir d'éischt zanterdeem se 2013 gegrënnt gouf, kéint déi als riets-extrem agestuuft AfD effektiv eng Landtagswal gewannen.
Lauden d'Walen a Sachsen-Anhalt eng nei Ära an der däitscher Politik an?
Fir d'éischt zanterdeem se 2013 gegrënnt gouf, kéint déi als riets-extrem agestuuft AfD effektiv eng Landtagswal gewannen.

Et wier e Resultat mat ouni Zweiwel grousse politeschen a gesellschaftleche Suitten. An de leschte Sondage schwätzt eng kloer Sprooch.

Deemno géif d'AfD d'Wale kloer gewannen. Mat 41 Prozent géingen et nëmmen 23 Prozent fir déi zweetstäerkst Partei, d'CDU, ginn. Ervirsträiche muss een awer, datt déi hei Ëmfro ugangs der Woch gemaach gouf, a 25 Prozent vun de Wieler do nach net woussten, wat fir enger Partei si hir Stëmm géife ginn. Ween um Enn d'Muecht iwwerhëlt, steet och mat esou engem klore Resultat net fest. D'AfD wier op e Koalitiounspartner ugewisen. No engem haarde Walkampf.

Firwat sinn haut 41 Prozent vun de Wieler bereet, hier Stëmm enger offiziell als riets-extrem klasséierter Partei ze ginn? Aus Frust oder Iwwerzeegung?

Et géif verschidde Grënn ginn, aus deene Leit eng Partei géife wielen, déi vum Verfassungsschutz vun hirem Bundesland als geséchert rietsextreem agestuuft gëtt, erkläert den däitsche Politolog Marcel Lewandowsky. Engersäits géifen et Leit, déi net gleewen, dass et sech bei der AfD a Sachsen-Anhalt ëm eng rietsextreem Partei handelt. Si géifen den Analyse vun Experten an Expertinnen oder och vum Landesverfassungsschutz net gleewen a wieren der Meenung, dass dës Deel vun engem politeschen Establishment wieren, deen der AfD wéilt schueden. Enger zweeter Grupp wier et egal, ob et sech bei der AfD et ëm eng rietsextreem Partei handelt an eng drëtt hätt tatsächlech selwer e rietsextreemt Weltbild.

Ee Bundesland ouni vill Zukunftsperspektiven

Vill Jonker dréien dem Bundesland Sachsen-Anhalt, wat an der fréierer DDR läit, de Réck. Maternitéë maachen zou, Zuchverbindunge ginn agestallt, d'Wirtschaft verléiert u Schwong, d'Verschëldung ass héich. E Kontext, an deem d'AfD de Wieler e Retour, an déi gutt al Zäit versprécht. Ouni "lästeg Auslänner". An dat kënnt bei ville Wieler un.

Et ass och keen Zoufall, datt den Ulrich Siegmund, Spëtzekandidat vun der AfD a Sachsen-Anhalt, Walkampf op enger Simson aus DDR Zäite mécht. E Motorrad, deen zu DDR-Zäite vir vill jonk Läit de Stellewäert vum éischten Auto a West-Däitschland hat, sou d’Marketing-Expertin Evelyn Kästner. Deemools gouf d’Simson erausgeholl, vir mobil ze sinn, fir bei d’Frëndin, fir op d’Aarbecht ze fueren.

D’Resultat e Sonndeg, wäert politesch a gesellschaftleche Suitte mat sech bréngen. Egal wei d'Walen a Sachsen-Anhalt ausginn. Ob d'Bandmauer fält oder net.

Déi lescht Woche gouf de Gruef tëscht AfD-Lager an Anti-AfD an Däitschland ëmmer méi grouss. Een Dag virun der Landtagswal hunn e Samschdeg an der Haaptstad Magdeburg e puer Dausend Leit fir en "Demokratiefestival" getraff, wou géint d'AfD demonstréiert gouf. Enger Policespriecherin waren et am Nomëtteg eng 6.000 Leiit um Domplatz. Et ginn awer nach eng Rei aner Veranstaltungen, déi bis an den Owend eran daueren.

E Samschdeg gouf ënnert anerem zu Magdeburg géint AfD demonstréiert.
E Samschdeg gouf ënnert anerem zu Magdeburg géint AfD demonstréiert.
© JAN WOITAS/dpa Picture-Alliance via AFP

Back to Top
CIM LOGO