Walen a Sachsen-Anhalt: Interview mam Politolog Marcel LewandowskyEng AfD am politeschen Opwand an eng CDU "between a rock and a hard place"

Cédric Ferry
Fanny Kinsch
Sollt d'AfD et a Sachsen-Anhalt an d'Regierung packen, hätt dat besonnesch fir Leit mat Migratiounsgeschicht a queer Persounen negativ Konsequenzen. Iwwerdeems géif et den Drock op d'Bundesregierung erhéijen.
De Professer Marcel Lewandowsky fuerscht un der Martin-Luther Universitéit Halle Wittenberg iwwer Populismus an autoritär Regimmer.
De Professer Marcel Lewandowsky fuerscht un der Martin-Luther Universitéit Halle Wittenberg iwwer Populismus an autoritär Regimmer.
© Anna Kolata/Uni Halle

A Sachsen-Anhalt gëtt dëse Sonndeg en neie Landtag, also en neit Landesparlament gewielt. Aktuelle Prognosen no kéim d'AfD, déi vum Verfassungsschutz an deem ostdäitsche Bundesland jo als geséchert rietsextreem klasséiert gëtt, op ronn 42 Prozent vun de Stëmmen. D'Dräier-Koalitioun tëscht CDU, SPD an FDP steet dogéint virum Aus. Féiert also kee Wee méi laanscht eng éischt Regierungsbedeelegung vun der AfD op Länner-Niveau a wat fir eng gesellschaftlech a politesch Suitten hätt dat? Doriwwer hu mir mam Professer Dokter Marcel Lewandosky vun der Martin-Luther-Universitéit Halle-Wittenberg geschwat. De Politikwëssenschaftler beschäftegt sech a senger Fuerschung ënner anerem mat Populismus am internationale Verglach an demokratescher Regressioun.

D'Auswierkunge vun enger AfD-Regierungsbedeelegung a Sachsen-Anhalt / F. Kinsch

Dräi verschidde Gruppe vun AfD-Wieler

Et géif verschidde Grënn ginn, aus deene Leit eng Partei géife wielen, déi vum Verfassungsschutz vun hirem Bundesland als geséchert rietsextreem agestuuft gëtt, erkläert de Professer Marcel Lewandowsky. Engersäits géifen et Leit, déi net gleewen, dass et sech bei der AfD a Sachsen-Anhalt ëm eng rietsextreem Partei handelt. Si géifen den Analyse vun Experten an Expertinnen oder och vum Landesverfassungsschutz net gleewen a wieren der Meenung, dass dës Deel vun engem politeschen Establishment wieren, deen der AfD wéilt schueden. Enger zweeter Grupp wier et egal, ob et sech bei der AfD et ëm eng rietsextreem Partei handelt an eng drëtt hätt tatsächlech selwer e rietsextreemt Weltbild.

De Professer Marcel Lewandowsky iwwer d'AfD-Wieler
De Politolog ënnerscheet dräi Type vun AfD-Wieler.

Tatsächlech wier et awer nëmmen de klengsten Deel vun den AfD-Wieler, deen e gefestegt rietsextreemt Weltbild huet. Et géif een awer gesinn, dass e Groussdeel vun den AfD-Wieler populistesch Astellungen hätt: "Das bedeutet, sie glauben, zu einer schweigenden Mehrheit zu gehören, die nicht mehr von der Politik berücksichtigt wird und sehen in der AfD eine Chance, die Demokratie wiederherzustellen, von der sie glauben, dass sie so nicht mehr existiert."

Schliisslech géing et nach déi Wieler vun der AfD ginn, déi en autoritäärt Weltbild hätten: "Das sind dann schon diejenigen, die sagen: 'Wir wollen eine starke Führungspersönlichkeit, die über alles schnell entscheiden kann und durch Institutionen nicht eingeschränkt wird'.". Dat wier awer och en am Verglach éischter klengen Undeel.

Eng CDU "between a rock and a hard place"

Bei engem Bléck op d'Prognose-Wäerter vun deenen anere Parteien gëtt da séier kloer, dass déi aktuell Dräier-Koalitioun aus CDU, SPD an FDP no de Walen e Sonndeg a Sachsen-Anhalt dierft Geschicht sinn. D'CDU dierft vu 37 Prozent bei de Walen 2021 op ëm déi 23 Prozent falen an eng FDP riskéiert un der 5-Prozent-Hürd ze scheiteren. D'SPD dierft bei ëm 9 Prozent stabil bleiwen. Eng Dräier-Koalitioun aus CDU, SPD a Grüne géif eng méiglech Alternativ duerstellen, gesat de Fall, dass déi gréng Partei et iwwer de Seuil vu 5 Prozent packt.

Ma och d géif et héchstwarscheinlech op eng Minoritéitsregierung erauslafen, déi sech vun die Linke misst toleréiere loossen. Et géif awer an der Parteibasis vun der CDU e grousse Virbehalt géint all Form vu Kooperatioun mat der Linkspartei ginn:

"Das ist auch historisch durchaus nachvollziehbar, denn die Linke ist die Nach-Nachfolgepartei der ehemaligen DDR-Staatspartei SED. Insofern sind diese Vorbehalte natürlich historisch gewachsen und wenn es jetzt dazu kommt, dass die CDU sich von der Linken abhängig macht, dann bedeutet das natürlich auch, dass man ein Stück weit der Linken in vielen Themen entgegenkommen muss und das wiederum wird sicherlich für Unmut innerhalb der CDU sorgen."

De Politikwëssenschaftler gesäit d'CDU an der Fro vun enger Regierungsbedeelegung "between a rock and a hard place." Eng Regierungsbedeelegung ouni sech musse vun die Linke toleréieren ze loossen, wier nämlech nëmme méiglech, wann een als Juniorpartner vun der AfD géif an eng Regierung goen. Ma dat wier eng enorm Belaaschtungprouf fir d'Partei.

D'CDU gëtt a Sachsen-Anhalt op d'Prouf gestallt
De Marcel Lewandowsky gesäit d'Partei "between a rock and a hard place".

Zwou méiglech Variante vun enger AfD-Regierungsbedeelegung

Dës Zenarie gëlle just dann, wann d'AfD keng absolut Majoriéit kritt. Sollt dat de Fall sinn, géif déi rietsextreem Partei eleng regéieren. Aktuell wier de Walkampf awer ganz dynamesch an et géif an dëser Saach wuel eng ganz knapp Entscheedung ginn: "Die AfD wird sehr stark mobilisieren aber all diejenigen, die verhindern wollen, dass es zu einer AfD-Regierung kommt, die mobilisieren eben auch. Insofern ist es fast ein Münzwurf und in vielen Wahlen sagt man, es kommt auf jede Stimme an."

Sollt d'AfD keng absolut Majoritéit kréien, wier déi eenzeg aner realistesch Variant vun enger AfD Regierung eng Minoritéitsregierung, déi vum Bündnis Sahra Wagenknecht toleréiert géif. Allerdéngs géif et den Ament net duerno ausgesinn, dass déi lénksnationalistesch, populistesch Partei et an de Landtag packt.

Politik géint Migranten, ëffentlech-rechtlech Medien a queer Persounen

An der Diskussioun ëm eng AfD-Regierungsbedeelegung ginn et an Däitschland zwee Campen. Deen ee geet dovun aus, dass et an esou engem Fall zu enger Aart "Entzauberung" vun der Partei kënnt, also dass sech wäert weisen, dass d'Partei net regierungsfäeg ass. Deen anere warnt dogéint virun engem demokratesche Backlash, also engem Ofbau vun der Demokratie.

De Marcel Lewandowky gleeft fir säin Deel net un eng Entzauberung. E Bléck op den internationale Verglach géif weisen, dass rietspopulistesch Parteien am Fall vun enger Regierungsbedeelegung normalerweis net politesch scheiteren oder Wieler verléieren. An der Reegel misst ee soen, dass dës Partie kënne regéieren. D'AfD wier sech iwwerdeems de Risike vun enger Regierungsbedeelegung bewosst a géif sech deementspriechend gutt dorop virbereeden an entspriechend Personal rekrutéieren. D'Partei wier gutt op eng méiglech Regierungsbedeelegung preparéiert.

Wat den demokratesche Backlash ugeet, géif d'Partei net um éischten Dag un der Muecht d'Demokratie an deem ostdäitsche Bundesland ofschafen, dat kéint si och guer net. Ma d'AfD géif awer op dräi Pilieren eng successiv antidemokratesch Strategie verfollegen. Den éischte Pilier wier dee vun der Migratiounspolitik: "Hier will die AfD alles, was die Länder in Deutschland tun können, ausnutzen, um Abschiebungen im großen Stil zu forcieren."

Den zweete Punkt wier dee vun de Medien. Hei wéilt d'Partei déi ëffentlech-rechtlech Offer, wéi et se aktuell gëtt, ofschafen.

Dee leschte Pilier wier dee vun der Bildungspolitik, hei wéilt d'AfD eng – wéi si et nenne géif – patriotesch Bildungspolitik verfollegen. Anerer géinge vun enger nationalistescher Politik schwätzen: "Etwa mit Blick auf das, was im Geschichtsunterricht in der Schule vermittelt wird, etwa auf die Symbolik an Schulen, das Hissen der Bundesflagge, das Singen der Nationalhymne oder dergleichen. Also alles das, was sehr stark symbolisch aufgeladen ist mit Blick auf die Rolle der eigenen Nation."

Bei der Bildungspolitik wier et och wichteg ze soen, dass d'AfD drop aus wier, d'Siichtbarkeet vu Mënschen, déi net an hiert zwee-geschlechtlecht, familljen-zentréiert Weltbild passen, ze verréngeren. Hei wier den Domän vun den zivilgesellschaftlechen Organisatioune betraff. Et géing der Partei ënner anerem drëm, d'Finanzéierung vu queere Veräiner esouwäit ewéi méiglech ofzeschafen an d'Siichtbarkeet vu queere Leit ze reduzéieren.

Déi gesellschaftlech Suitte vun enger AfD an der Landesregierung
Leit mat Migratiounsgeschicht, queer Persounen an d'ëffentlech-rechtlech Medie kriten d'Konsequenzen als éischt ze spieren.

Sollt d'AfD hir Ziler verwierklecht kréien, kéint dat duerchaus en Impakt op d'Zivilgesellschaft a Sachsen-Anhalt hunn, besonnesch op d'Sécherheetsgefill vun deene betraffene Gruppen: "Das könnte natürlich auch dazu führen, dass sich viele Menschen, die in Sachsen-Anhalt leben, weil sie etwa keinen deutschen Pass haben, weil sie Migrationsgeschichte haben oder aber weil sie queere Menschen sind, sich nicht mehr sicher fühlen."

Drock op d'Bundesregierung

Sollt d'AfD a Sachsen-Anhalt an d'Regierung kommen, kéint dat och eng Signalwierkung hunn an der Partei an anere Bundeslänner an och op nationalem Niveau Réckewand ginn. Dat kéint nämlech Leit, déi net wielen respektiv, déi politesch riets orientéiert sinn, awer hiert Kräiz nach bei der CDU maachen, weisen, dass d'AfD eng Optioun ass, déi och eng tatsächlech Chance op en Regierungsbedeelegung hätt, erkläert de Marcel Lewandowsky. Sollt d'AfD a Sachsen-Anhalt erfollegräich sinn an d'CDU, wéi erwaart, staark u Stëmmen abéissen, géif dat och den Drock op e Kanzler Friedrich Merz erhéijen:

"Sollte die AfD so erfolgreich sein und die CDU aus ihrer eigenen Sicht abgestraft werden, dann wird das auch die Bundesregierung stark unter Druck setzen. Der ohnehin sehr unpopuläre Kanzler Merz, der mit einer sehr unbeliebten Regierung gerade im Amt ist, stünde unter massivem Druck, spätestens bis zur regulären Bundestagswahl 2029. Die AfD führt bereits jetzt in den Umfragen, und sollte sie in Sachsen-Anhalt an die Regierung kommen, so vermute ich, werden diese Umfragewerte für sie zeitweise sogar noch höher."

D'Politesch Auswierkunge vun enger AfD-Regierungsbedeelegung
Den Drock op d'Bundesregierung kéint bei engem Erfolleg vun der AfD nach eng Kéier wuessen.

Wann aner Parteien no riets récken, hëlleft dat der AfD

Wa sech déi historesch grouss Parteien an Däitschland déi lescht knapp 14 Joer iwwer eng Saach eens waren, dann doriwwer, dass een eng AfD an der Regierung mat alle Mëttel misst verhënneren. Trotzdeem gewënnt d'Partei an den Ëmfroen ëmmer weider dobäi. De Politolog gesäit de Grond dofir doran, dass déi aner Parteien am Ëmgang mat der AfD eng Zort Duebel-Strategie verfollegen, déi awer net zesummepasst.

Do wier zum engen, déi ominéis Brandmauer, also de Verbuet vun enger Zesummenaarbecht mat der AfD. Hei géif et awer kee Konsens ënnert de Parteie sinn, wat dat eigentlech genee bedeit. Et wier onkloer, ob all Zesummenaarbecht ausgeschloss ass oder nëmme punktuell Zesummenaarbecht.

Dat anert wier, dass déi aner Parteien, an hei besonnesch déi konservativ géife versichen, d'AfD op hiren eegene Sujeten ze bekämpfen, besonnesch bei der Migratioun. Dat géing awer net klappen: "Also man sagt nun mal, die Wähler der AfD orientieren sich vor allem an der Migrationspolitik. Also rücken wir ein Stück weit an die AfD heran, also in ihre Nähe, und ändern auch unsere Rhetorik insofern, als wir eine harschere Rhetorik mit Blick auf Migration, Integration oder Asyl fahren. Und dann sieht man aber: Die AfD wird dadurch gar nicht kleiner, sondern die AfD wird sogar noch größer."

E Bléck op den internationale Verglach géif hei däitlech weisen, dass wann aner – a grad déi konservativ – Parteien an der Migratiounsdebatt no riets récken, dat de Rietspopulisten net géing schueden. Et géif hinnen am Géigendeel esouguer hëllefen. D'Leit géifen da léiwer den Original wielen. Dee Klischee géif sech elo a Realitéit confirméieren.

Back to Top
CIM LOGO