
Wéi et vun der Bundespolizei Tréier heescht, huet d'Zuchbegleederin d'Tickete vun de Passagéier kontrolléiert, kuerz ier den Zuch zu Schweich an d'Gare gefuer ass. Bei der Kontroll huet si festgestallt, datt de Mann, een 30 Joer ale Rumän, keen Ticket derbäi hat an huet him ënnersot, weiderzefueren. Wou den Zuch an d'Gare vu Schweich agefuer ass, huet de Mann der Zuchbegleederin an d'Gesiicht geschloen an ass aus dem Zuch geklommen.
D'Fra gouf dobäi liicht un de Lëpsen an un der Bak blesséiert a koum a medezinesch Behandlung.
Wäit komm ass hien allerdéngs net - scho kuerz duerno ass hie vun enger Patrull vun der Bundespolizei an der Géigend vun der Gare festgeholl ginn. E fräiwëllegen Alkoholtest huet gewisen, datt de Mann ee Wäert vun 2,3 Promill hat. Eng Riichterin huet doropshin ee Blutttest ordonéiert.
Nodeem d'Police mat hiren Demarche fäerdeg war, duerft de Mann de Policebüro nees verloossen. Et goufen allerdéngs Ermëttlunge wéinst Kierperverletzung a wéinst dem Erschläiche vu Leeschtungen an d'Weeër geleet.
An Däitschland ginn Zuchbegleeder a Kontrolleren ëmmer nees aggresséiert. Ufank des Jores hat eng déidlech Attack op ee Kontroller an engem Zuch bei Zweebrécken ginn. De Verdächtegen - ee Lëtzebuerger Resident - huet d'Dot zouginn a gouf zu 10 Joer Prisong verurteelt.