
E 26 Joer ale Mann hat e Kontroller an engem däitschen Zuch am Februar dëst Joer esou zesummegeschloen, datt dëse zwee Deeg drop u senge Blessure gestuerwen ass. Gehierbluddunge hunn zum Doud vum Mann gefouert.
De Beschëllegten hat keen Ticket an d'Dot ass ganz vun Iwwerwaachungskameraen gefilmt ginn. D'Attack koum, wéi de Kontroller de Mann dozou brénge wollt, den Zuch ze verloossen. De Verurteelten, e Mann mat griicheschem Pass, huet zu Lëtzebuerg an engem Zëmmer vun engem Haus an der Gemeng Leideleng gewunnt.
D'Geriicht huet de Mann elo zu 10 Joer Prisong verurteelt, de Parquet hat der 12 gefrot. De Mann gouf um Geriicht zu Zweebrécken wéinst Kierperverletzung mat déidleche Suitten schëlleg gesprach. D'Landgeriicht Zweebrécken huet et als erwise gesinn, datt d'Attacke vum Täter zu dem spéideren Doud gefouert huet.
Am Prozess huet den Ugekloten zouginn, datt hien de Kontroller attackéiert huet, huet awer bestridden, datt hien de Mann ëmbrénge wollt. D'Famill vum Affer huet hien ëm Entschëllegung gebieden, wat bei hinnen awer als "net éierlech" eriwwer koum, schreift NTV. D'Affer war elengerzéiend an hat zwee mannerjäreg Jongen.
D'Attack hat bei eisen Noperen eng Debatt iwwert de Manktem u Sécherheet an den Zich ausgeléist.