Vëlkerrechtler Michel ErpeldingMat Handelsverbuet mat de Kolonien op "kriminell israeelesch Staatspolitik" reagéieren

François Aulner
Den israeelesche Minister Ben Gvir sot an engem Podcast virun 2 Wochen, datt 30 bis 40 Leit pro Nuecht an der Gazasträif sollen ëmbruecht ginn an net just déi, déi eng direkt Menace duerstellen.
Archivfoto
© Nelson Cheung

Dat gouf international ferm veruerteelt, mee déi europäesch Unioun huet nach ëmmer keng Sanktiounen decidéiert, notamment well Däitschland blockéiert. Op engem informellen Treffe vun den EU-Ausseministeren Ufanks September dierf dat nees e Sujet ginn.

De Lëtzebuerger Vëlkerrechtler Michel Erpelding (*), seet am RTL-Interview, datt israeelesch Regierungsmembere konstant Tabuen a fundamental Reegele vum Vëlkerrecht briechen. Net just de Ben Gvir, mee och de Smotrich an de Regierungschef Benjamin Netanyahu selwer. Rechtlech gesinn géinge Ministere fir hir ganz Regierung schwätzen, wa se net vun hir desavouéiert ginn. Dem Michel Erpelding no gi Sanktioune géint eenzel Regierungsmemberen – déi et nach net emol ginn - net méi duer.

"Wat Konsequenzen op déi kriminell israeelesch Staatspolitik an de besate Gebidder – Gaza, Westjordanland, Ostjerusalem – huet, dat sinn kommerziell Mesuren", esou de Vëlkerrechtler. Zum Beispill misst den europäeschen Handelsaccord opgehuewe ginn, d’Liwwerung vu Waffen an d’Finanzéierung vun Aktivitéiten an de besate Gebidder gestoppt ginn "an all Form vu Commerce mat de Kolonië verbuede gëtt." Dem Michel Erpelding no wier déi aktuell Trump-Regierung, déi lescht US-Regierung, déi esou pro-israeelesch ass".

"Ech kucken net wien Dir sidd, mee wat Dir maacht"

De Lëtzebuerger Ausseminister kritiséiert reegelméisseg d’Politik vun der israeelescher Regierung, mee warnt am selwechten Otemzuch oder virun engem anere Public, genee esou reegelméisseg virdrun all d’Israelien ze bestrofen. De Michel Erpelding begréisst, datt de Xavier Bettel "manner zweedeiteg" gi wier, mee hie fuerdert en op, "nach méi konsequent ze sinn". Hie seet, Lëtzebuerg hätt wëssenschaftlechen a juristesch Analysen no d’Mëttelen, fir selwer ze handelen. Wann d’EU näischt géing ënnerhuelen, och wann de Xavier Bettel an déi Richtung dréckt, da misst Lëtzebuerg national Mesuren huelen.

Et ass net, well ee selwer Nokommen ass vum gréisste Genozid an Europa, datt ee kann egal wat maachen a selwer e genozidären Discours hunn oder vläicht genozidär Akte maachen, esou de Michel Erpelding. Déi rietsextrem israeelesch Regierung géing en diskriminatoresche Discours halen, dee grad esou gutt vun Nazien an den 30er Jore kéint sinn a gläichzäiteg sech op d’Geschicht beruffen, fir hir mënscheveruechtend Politik ze maachen. D’Reaktioun vun Israel op d’Attacke vun der Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 wier dem Vëlkerrechtler no "disproportionéiert" - zu Gaza eng "Vernichtungspolitik" an am Westjordanland eng "ethnesch Säuberung". Selbstverdeedegung hätt och Limitten, esouguer an der Bibel mam "Auge um Auge, Zahn um Zahn".

Ass hien Antisemitt? "Natierlech net: ech si Vëlkerrechtlecher!", reegt sech de Michel Erpelding iwwert d’Fro op. Hie géing déi selwecht vëlkerrechtlech Reegelen op all Vollek d’selwecht applizéieren: "Ech kucken net, wat Dir sidd, wat är Relioun ass, wat d’Geschicht vun ärer Famill ass. Ech kucken, wat Dir maacht!".

(*) De Michel Erpelding ass Fuerscher beim Max Planck Institut. Hie war bei de Chamberwalen 2023 Kandidat fir déi Lénk. Hie sot, hie wier awer net méi aktive Member.

Back to Top
CIM LOGO