
Et si Messagen, déi besonnesch elo, wou an Israel iwwert d'Virgoen an der Gazasträif debattéiert gëtt, fir vill Diskussioune suergen. Seelen ass esou explizitt zu Gewalt an der Gazasträif opgeruff ginn. Dat an Zäiten, an deenen elo erëm och op internationalem Plang méi konkreet iwwer d'Zukunft vun der Gazasträif verhandelt gëtt.
Wat ass geschitt?
An engem Podcast huet de Ben-Gvir fir méi Gewalt an der Gazasträif opgeruff: Hie géif déi "zréckhalend" Approche vum Premier Netanjahu net gutt fannen, dofir bräicht et geziilt Eliminatioune vun 30 bis 40 Mënsche pro Nuecht. Dobäi sollten dat net just Leit sinn, vun deenen eng direkt Gefor ausgeet. Et géif nämlech an der Gazasträif Mënsche ginn, déi et net wäert wieren ze liewen. Dat wiere Leit, déi net dierfte liewen, an am Fong och guer keng Mënsche wieren. Et sinn extreem Aussoen, déi natierlech fir Reaktioune suergen.
Donieft huet sech de rietsextreeme Minister och dofir ausgeschwat, d'Palästinenser aus der Gazasträif dauerhaft ze verdreiwen. Et bräicht méi israeelesch Siidlungen, Gaza géif zu Israel gehéieren.
Ee Minister, dee scho méi dacks fir Kritik gesuergt huet
Dem Ben-Gvir seng Positiounen am Israel-Palästina-Konflikt sinn net nei. Hie gëllt als eng vun de prominentste Stëmmen, déi sech ausdrécklech fir méi israeelesch Siidlungen a Verdreiwunge vu Palästinenser ausschwätzen. Nach am Mee gouf säi Verhale vis-à-vis vu pro-palästinenseschen Aktivisten international schaarf kritiséiert: Am Internet ware Videoen zirkuléiert, an deenen ze gesi war, wéi hien ënnert anerem mam israeelesche Fändel virun ugestréckten Aktivisten vun der Global Sumud Flotilla stoung a si ugejaut huet.
Seng Aussoe sinn dann och zum Deel als méiglecht Beweismaterial fir genozidal Intentioune vun Israel virum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag gesammelt ginn.
Et ginn dann och schonn eng Rei international Sanktioune géint de Ben-Gvir: Ënnert anerem Groussbritannien, Kanada, Australien, Neiséiland oder och nach Norwegen hunn ee Rees-Verbuet géint hien ausgeschwat.
Als Minister fir déi bannenzegst Sécherheet ass hien ënnert anerem fir d'Police an d'Prisongen zoustänneg. An deem Kader huet hie scho méi dacks d'Konditioune fir palästinensesch Prisonéier verschäerft.
Wéi geet et virun mat de Friddensverhandlungen?
An Israel gëtt grad vill iwwer de weideren Ëmgang am Gaza-Krich debattéiert: De Premier Netanjahu steet wéinst sengem riets-extreeme Koalitiounspartner reegelméisseg ënner Handlungsdrock. Israel hat d'Ugrëff rezent wéinst engem méigleche Friddensplang vum amerikanesche President Trump zréck geschrauft. Dat gëtt an Israel selwer deels staark kritiséiert.
Zanter dësem Weekend gëtt dann och nees méi konkret iwwer d'Zukunft vun der Gazasträif debattéiert. Dem Donald Trump säin Eedem an US-Ënnerhändler Jared Kushner war e Sonndeg fir Gespréicher an Ägypten: Do huet hien ënnert anerem och de Chef vun der radikal-islamescher Hamas getraff. Fir e Méindeg ass eng Reunioun mam israeelesche Premier Netanjahu an Israel virgesinn. Déi radikal-islamesch Hamas huet als Viraussetzung fir een Accord uginn, datt déi israeelesch Arméi sech aus Deeler vun der Gazasträif misst zréckzéien. Israel refuséiert dat fir den Ament: Do virdru fuerdert Israel nämlech eng komplett De-Militariséierung vun der Hamas.