"T'ass einfach just onheemlech"Metzer Commerçante besuergt, Präfektur verbitt Manifestatioun

Nathan Muller
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Ausgeraibert Butteker, futtis Fënsteren oder mat Holzbrieder verbarrikadéiert Geschäfter: Zu Metz haten d'Commerçanten e weidere Protestdag gefaart, fir deen e Samschdeg mobiliséiert gouf, ma deen elo awer keng Autorisatioun krut.
© Nathan Muller

Leschte Weekend, also de 17. Oktober, hunn iwwer 5.000 Leit zu Metz zesumme protestéiert. Uganks war de Protest géint déi héich Liewenserhalungskäschten nach friddlech verlaf, ier d'Situatioun géint Enn vum Nomëtteg eskaléiert war. An der Rue des Clercs war e Geschäft vu "Sandro" komplett ausgeraibert ginn, wärend op der Place d'Armes d'Demonstrante mat den Autoritéiten uneneegerode sinn, woubäi Paweesteng geheit an Tréinegas fräigesat gouf. Ëmsou méi grouss war d'Angscht bei de Geschäftsleit viru weidere méiglechen Debordementer e Samschdeg.

E Freidegowend dann awer d'Nouvelle vun der Préfecture de Moselle: No laangen Negociatioune mat der Gewerkschaft CGT, déi zu enger Manif e Samschdeg um 14 Auer opgeruff hat, ass de Rassemblement elo definitiv verbuede ginn. Dat, well ee sech net iwwert de Parcours vum Cortège konnt eens ginn. Datt et net trotzdeem zu Debordementer an Onroue kënnt, ass domat awer net garantéiert. Am Virfeld vun der Annonce ware mir op Metz de Bols vun de Geschäftsleit villen, bei deenen d'Nervositéit spierbar war.

Fir d'Marie-France, Gerante vum "Zapa", direkt nieft dem ausgeraiberte Sandro, steet ausser Fro, sech a seng Employéeën a Gefor ze bréngen, fir de Buttek ze retten. "Verschiddener soen, et misst ee prett sinn, sech ze afferen. Ech maache léiwer zou a schütze meng Employéeën a meng Produiten. Wat geschitt ass, ass einfach just onheemlech."

Nämmlecht beim Valérie, wat zwee Geschäfter e bësse méi wäit fort geréiert: "Et muss ee prioritär seng Employéeë schützen. Jee no deem wéi d'Manifestatioun verleeft, wäerte mer kucken, ob mer zoumaache mussen oder net." D'Valérie an hire Mann ware leschte Samschdeg gezwongen, aus hirem Geschäft ze flüchten.

Ee besonnesche Probleem, deen d'Commerçanten e Freideg haten, war deen, dass een d'Ausmooss vun enger méiglecher Manifestatioun e Samschdeg net richteg viraussoe konnt. Ma och wann eng offiziell Manif ënnersot gouf, sinn eventuell Debordementer a Vandalismus net ausgeschloss.

“Da schloen ech se!”

Verschidde Proprietären, wéi de Pierre, Gerant vun engem "Nespresso" haten ugefaangen, grouss Brieder aus Holz virun hir Vitrinnen ze montéieren. E groussen Deel vum Moie war de Pierre domat amgaangen, sech mat sengen anere Commerçant-Kolleegen a Superieuren auszetauschen, fir ze decidéieren, wat een e Samschdeg maache soll. "Mir hu guer keng Informatioun den Ament, wat eis immens beonrouegt. Ech sinn zimmlech opgereegt fir muer, mir musse kucken, ob mer nëmme moies opbleiwen oder ob mer de ganzen Dag iwwer zoumaache mussen", esou de Pierre.

Verschidde Geschäfter wéi Cotélac bleiwen de ganzen Dag iwwer zou. Eng Decisioun, déi d'Chaîne op nationalem Niveau getraff huet. Anerer wëllen ëm all Präis schaffe goen, och wann dat bedeit, de Casseure face-à-face ze begéinen. Eng aner Gerante vun engem Geschäft am Zentrum vu Metz versteet d'Behuele vun de Vandalen net: "Ech hu metalle Rideauen, déi net méi allzegutt fonctionéieren. Ech wäert versichen, se erof ze maachen, wann néideg, mee wann net, da schloen ech se (d'Casseuren)"!

Wéi weider schaffen?

Leschte Samschdeg hat sech déi uganks friddlech Marche virun der Kathedral zu engem reegelrechten Affront entwéckelt. De Jérôme, Gerant vun engem Geschäft, net wäit vun der Place d'Armes, hat alles gesinn a mat senge Handy matgefilmt: "Et war e richtege Guerilla-Krich. Déi Jonk si gelaf, d'Police hannendrun. Paweesteng, Sécherheetsbarriäre goufe geheit. Zum Gléck fir eis stoungen zwee Poliziste virun eiser Dier, sou datt kee bei eis komme konnt."

De Commerçant ass schockéiert iwwer d'Gewalt géint aner Geschäftsleit, déi een op ville Plaze gesäit: "Wat ech mir virun allem wënschen, datt ass, datt net geplëmmt gëtt. Mir sinn alleguer esou wéi dir. Mir hunn och eis Probleemer als kleng Commerçanten. Et ass eis Aarbecht, et ass och eise Salaire."

Zanter leschtem Samschdeg huet de Jérôme sech preparéiert a "grouss Mesurë geholl, fir eist Geschäft ze protegéieren, am Fall wou Verschiddener versichen, eranzekommen". Trotzdeem zielt en och op d'Forces de l'ordre, deenen hie Merci fir hir Aarbecht seet.

Gréisst Schwieregkeet fir d'Commerçantë bleiwen d'Repercussiounen op hire Chiffre d'affaires. De Pierre a säi Geschäft "Mise Au Green" wäerten dësen Samschdeg "80% vun hirem Chiffre d'affaires" verléieren. Fir de Jérôme misst een nach méi wäit kuken: "Wa mir elo all Samschdeg näischt verkafe kënnen, wäert dat séier zu engem Probleem ginn. De Samschdeg ass eise wichtegsten Dag. Ech fäerten och ëm d'Attraktivitéit vum Stadzenter an de Chrëschtmaart, deen normalerweis vill Clienten unzitt."

Dësen Artikel gouf a senger Orginalversioun als éischt bei eise Kolleege vun RTL Infos publizéiert. Dir fannt en hei.

Back to Top
CIM LOGO