
No der Arrivée vu Massen u Migranten aus Marokko Enn Juli huet déi spuenesch Regierung en Dënschdeg decidéiert, eng zentral Plaz, wou de Retour vun de Flüchtlinge koordinéiert soll ginn. Domat soll d'Zesummenaarbecht tëscht de staatlechen Autoritéiten an der Verwaltung vu Ceuta verbessert ginn. Déi lescht Migrante missten nach identifizéiert an doropshin iwwerpréift ginn, ob si Usproch op Asyl oder en aneren internationale Schutz hunn. Soss kann d'Prozedur fir eng Ausweisung lancéiert ginn.
Prioritéit hätt "de Retour an d'Ausweisung vun enger gréisstméiglecher Zuel vu Mënschen, Erwuessenen a Mannerjäregen", esou den Territorialminister Ángel Víctor Torres, deen d'Koordinatioun leet. Dobäi missten awer d'Recht an d'Mënscherechter agehale ginn. Vill Mannerjäreger, déi eleng an der Stad sinn, stinn ënner besonneschem Schutz.
Spuenien huet donieft bei der EU-Kommissioun Nouthëllef ugefrot. E Spriecher vun der Kommissioun sot en Dënschdeg, datt déi formell Demande den Dag virdrun ukomm wier a mat Prioritéit gepréift géing ginn, fir séier eng Decisioun huelen ze kënnen. Madrid huet ausserdeem Ënnerstëtzung fir e verstäerkte Grenzschutz, Sécherheetsinfrastruktur a fir zousätzlech Opnamekapazitéiten ugefrot.
D'EU-Kommisisoun huet déi verbessert Koordinatioun vun de spueneschen Autoritéite begréisst. Virrang hätt de séiere Retour vun alle Leit, déi illegal zu Ceuta sinn. Bréissel wier prett, Spuenien weider Ënnerstëtzung och duerch EU-Agencen z'accordéieren.