Zil wier et, deene ronn 1.800 Flüchtlingen, déi nach do sinn, en Ënnerdaach ze bidden, "fir datt si d'Nuechten net méi op der Strooss oder op der Plage verbrénge mussen", heescht et vum Migratiounsministère en Donneschdeg.
Enn Juli haten de spueneschen Autoritéiten no ronn 72.000 Migranten iwwer de Landwee oder iwwer d'Mier d'Eklav Ceuta, déi nieft Marokko läit, erreecht. Dosende Leit waren dobäi ëm d'Liewe komm. Eng 70.000 Migrante si kuerz drop zréck a Marokko gaangen oder goufen dohi bruecht.
1.800 Migrante sollen der spuenescher Regierung no awer nach ëmmer zu Ceuta sinn, ënnert hinne vill Mannerjäreger, déi eleng sinn. Déi meescht vun hinnen hätten d'lescht Woch op der Strooss oder um Strand geschlof. Awunner kloen iwwer Sécherheets- an Hygiènesproblemer a geheien der Regierung zu Madrid vir, hir Besoinen ze vernoléissegen.
Den Ëmgang mat de Migranten, déi nach zu Ceuta sinn, ass Sträittheema tëscht der lénksgeriichter Regierung an der konservativer Oppositioun. Wärend sech Regiounen, déi vun der rietsgeriichter PP regéiert ginn, weigeren, onbegleet Mannerjäreger opzehuelen, wëll d'Zentralregierung 500 Meedercher op dat spuenescht Festland bréngen.
Dës Meedercher, vun deene verschiddener eréischt zéng oder eelef Joer al sinn, hätten "immens komplex familiär Situatiounen" a "brauchen eng spezialiséiert Betreiung", sot de spuenesche Staatssekretär fir Kanner a Jugendlecher Rubén Pérez Correa dem Radiosender Cadena SER.