Xavier Bettel um Bord vum EU-Ausseminister-Treffen"Mir billen, mee mir bäissen net"

Céline Eischen
Vill ze diskutéiere gëtt et fir d'EU-Ausseministeren e Mëttwoch um informellen Treffen an Irland.
© Emile Mentz

Lëtzebuerg ass um Treffen an Irland duerch den DP-Minister Xavier Bettel vertrueden. Dëse schwätzt am Kontext vun der russescher Dronen-Attack op de Flughafen zu Leipzig vun enger neier Tendenz, déi an déi falsch Richtung geet: Et wier een elo am Ukrain-Krich méi wäit fort vun De-Eskalatioun an engem Friddensaccord.

Och den Noen Osten steet um Ordre du Jour, méi genee d'Situatioun a Palestina. No den extreemen Aussoen vum Israeelesche Minister Ben-Gvir wier et weider extrem schwéier, sech op Europäeschem Plang iwwer Sanktiounen eens ze ginn:

De Xavier Bettel um Treffe vun den EU-Ausseministeren

De Xavier Bettel: "Je suis frustré à chaque réunion, car on est en train d'être un chien qui aboie et aboie, mais qui ne sait pas mordre. C'est pour cela que j'ai signé hier avec d'autres collègues européens aussi la volonté d'avoir des majorités qualifiées pour pouvoir prendre des décisions. Mais c'est pas euphorique parce que je tiens à vous dire qu'on n'a même pas de majorité pour demander à la commission d'analyser des sanctions". 

Et wier alarmant, datt een no esou extreemen Aussoen säitens Israel als EU net géif reagéieren, esou nach de Lëtzebuerger Ausseminister.

Lëtzebuerg huet jo ugekënnegt, d'Méiglechkeet fir national Sanktiounen ze préiwen. Dat hat de Xavier Bettel och bei eis op der Antenn nach eng Kéier confirméiert. Op Nofro hi kann den Ausseministère awer kee konkrete Kalenner nennen, wéini des Ännerungen um legale Kader solle kommen. Hei d'Kommunikatioun vum Ausseministère: "Un groupe de travail au sein du ministère travaille actuellement sur la base légale permettant d’envisager des mesures commerciales à l’encontre des importations en provenance des colonies illégales en Cisjordanie. Les travaux se poursuivent actuellement et les prochaines étapes seront précisées en temps utile."

Back to Top
CIM LOGO