
Russland ass, eegenen Aussoen no, "am Prinzip" bereet, Mëtt November nees Verhandlunge mat der Ukrain an den USA opzehuelen. Dat huet de Kreml-Beroder Juri Uschakow e Mëttwoch no enger Entrevue tëscht dem US-Verhandler Steve Witkoff an dem russesche President Wladimir Putin zu Sankt Petersburg matgedeelt.
Bei de méiglechen trilaterale Gespréicher soll et virun allem ëm d'Sécherheetsarchitektur no engem Enn vum Krich goen. De Putin hätt dem Witkoff déi prinzipiell Bereetschaft vu Moskau fir esou Verhandlunge signaliséiert, esou den Uschakow.
De Kreml huet sech allerdéngs skeptesch iwwer déi rezent Virschléi vun der Ukrain an den europäesche Partnere gewisen. De Witkoff hätt de Putin iwwer seng Gespréicher informéiert, déi en en Dënschdeg zu Oslo mat ukraineschen an europäesche Vertrieder gefouert hat. Dobäi wieren zwar e puer nei Aspekter ugeschwat ginn, ma aus russescher Siicht hätten déi wéineg konkret Substanz gehat.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet sech mëttlerweil fir en Afréiere vun der aktueller Frontlinn als méiglechen éischte Schrëtt a Richtung Wafferou ausgeschwat. Hien sot dem US-Sender Fox News, datt dat senger Meenung no e realistesche Wee wier, fir de Krich op en Enn ze bréngen.
Allerdéngs huet de Selenskyj betount, datt eng méiglech Friddensléisung mat Sécherheetsgarantië vun den USA an den europäeschen Alliéierte misst verbonne sinn. Dës Garantië wiere wichteg, fir ze verhënneren, datt Russland an Zukunft nees ukrainesch Gebidder besetzt oder eng nei Aggressioun ufänkt.
Hien huet och d'Aschränkunge bei de Satellittekommunikatiounssystemer Starlink a Starshield ugeschwat. Dës wiere fir d'ukrainesch Arméi vu grousser Bedeitung, géifen awer nach ëmmer net ouni Aschränkunge funktionéieren. Den US-Ausseminister Marco Rubio hätt him zougesot, un enger Léisung ze schaffen.
Parallel dozou huet de Kreml matgedeelt, datt un engem méiglechen Treffen tëscht dem Putin, dem US-President Donald Trump an dem chineesesche Staatschef Xi Jinping geschafft géif ginn. Dëst kéint am Kader vum Asien-Pazifik-Sommet am November zu Shenzhen stattfannen.
De Selenskyj huet nach eemol kloergestallt, datt keng Verhandlungen iwwer d'Zukunft vun der Ukrain ouni ukrainesch Bedeelegung dierfte stattfannen. Kiew wier bereet, iwwer all méiglech Sujeten an a verschiddene Formater ze verhandelen, ma net, wann iwwer d'Ukrain ouni d'Ukrain decidéiert géif ginn.
Ob déi nei diplomatesch Initiativen tatsächlech zu enger Wafferou féieren, bleift awer op.