Um Rand vum APEC-SommetWolodymyr Selenskyj fuerdert Participatioun u méiglechem Dräier-Sommet

RTL mat AFP
Sollten d'USA, Russland a China sech fir eng Entrevue gesinn, wier d'Ukrain gäre mat dobäi, wann iwwer hir Zukunft geschwat gëtt.
De Wolodymyr Selenskyj wëllt mat um Dësch sëtzen, wann iwwer d'Ukrain geschwat gëtt.
De Wolodymyr Selenskyj wëllt mat um Dësch sëtzen, wann iwwer d'Ukrain geschwat gëtt.
© FABIAN SOMMER/dpa Picture-Alliance via AFP

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet eng Participatioun un engem méiglechen Ukrain-Sommet vum US-President Donald Trump, dem russesche President Wladimir Putin an dem chineesesche Staatschef Xi Jinping gefuerdert. Gespréicher iwwer d'Zukunft vu sengem Land wieren nëmmen dann akzeptabel, wa Kiew mat um Dësch géing sëtzen, sou de Selenskyj wärend enger Visitt an der norwegescher Haaptstad Oslo.

De Putin strieft eng Reconter mat Trump a Xi un um Rand vum Sommet vun der asiatesch-pazifescher Wirtschaftsgemeinschaft APEC den 18. an 19. November am chineesesche Shenzhen. Den US-President hat sech oppe gewise fir sou eng Entrevue. Decidéiert ass awer nach näischt. Den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha huet gewarnt, esou en Dräier-Sommet géing Russland just Mutt maachen, mam Krich weider ze fueren.

De Wolodymyr Selenskyj hat en Dënschdeg zu Oslo den US-Sonneremissär Steve Witkoff getraff, fir iwwer diplomatesch Ausweeër aus dem Ukrain-Krich an US-amerikanesch Ënnerstëtzung ze beroden. Washington géif entretemps rëm Geheimdéngschtinformatiounen iwwer russesch Attacke mat der Ukrain deelen, dofir wier hien dankbar, sou den ukrainesche President. Hir Gespréicher wiere ganz produktiv gewiescht, housch et och vun US-Säit. Dono ass bekannt ginn, dass de Witkoff e Mëttwoch de russesche President wäert treffen.

Trump fuerdert Ofkommes

An de leschte Wochen hate sech d'Relatiounen tëscht der Ukrain an den USA jo verschlechtert. Iwwerdeems sot den Donald Trump awer en Dënschdeg, dass de Selenskyj mam Putin "en Ofkommes" schléisse misst. Dat wier och am ukrainesche President sengem eegenen Interessi.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO