No Brandkatastroph zu Crans-MontanaNationalen Trauerdag e Freideg an der Schwäiz, all Doudesaffer elo identifizéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Schwäizer President Parmelin annoncéiert no der Brandkatastroph zu Crans-Montana mat 40 Doudegen an iwwer 100 Blesséierten.
© MAXIME SCHMID/AFP

De Schwäizer President Parmelin huet annoncéiert, datt et e Freideg en nationalen Trauerdag am Land gëtt.

E Sonndeg war iwwerdeems eng Mass fir d’Affer. D’Pompjeeë stounge bei engem Trauer-Cortège an der éischter Rei.

D’Schwäizer Kantonspolice huet an engem Communiqué, deen e Sonndegowend verëffentlecht gouf, matgedeelt, datt all d’Affer vum Brand elo identifizéiert goufen.

Ënnert de 40 Doudegen huet d’Police am Ganze 21 Schwäizer gezielt, néng Fransousen – dorënner eng Persoun mat franséisch-schwäizerescher Duebelnationalitéit an eng Persoun mat dräifacher Nationalitéit (Frankräich/Israel/Groussbritannien) -, sechs Italieener, dorënner eng Persoun mat italieenesch-emiratescher Nationalitéit, eng mat belscher Nationalitéit, eng Portugisin, e Rumän an en Tierk.

D’Affer waren tëscht 14 a 39 Joer al. 20 vun hinne ware mannerjäreg.

35 schwéierblesséiert Brandaffer goufen an auslännesch Spideeler bruecht. D’Lëtzebuerger Air Rescue huet och esou Transferte realiséiert.

De Parquet vum Kanton Wallis enquêtéiert iwwerdeems strofrechtlech géint déi zwee Gérante vun der Bar ''Le Constellation’’. Hinne ginn ënnert anerem Homicide involontaire a Coups et blessures involontaires reprochéiert, grad ewéi Brandstëftung ouni Intentioun. Et gëllt d’présomption d’innocence.

Ma an internationale Medien zum Beispill am däitsche Spiegel kommen elo och aner Wierte vu Crans-Montana zu Wuert, déi behaapten, d’Autoritéiten hätten d’Etablissementer manner dacks kontrolléiert, ewéi se behaapte géingen.

Back to Top
CIM LOGO