
No der Brandkatastroph am Schwäizer Crans-Montana mat 40 Doudegen an iwwer 100 Blesséierten huet de Schwäizer President Parmelin een nationalen Trauerdag den nächste Freideg ugekënnegt. Um 14 Auer sollen alleguerten d’Kiercheklacken an der Schwäiz lauden, fir den Affer ze gedenken.
Meedche vu 14 Joer ënnert den Doudesaffer
Et goufen 16 weider Doudesaffer identifizéiert, dorënner och e Meedche vu 14 Joer an zwou 15 Joer jonk Schwäizerinnen. Dat huet de Parquet vu Wallis matgedeelt. Bei 16 Doudesaffer weess d’Schwäizer Geriichtsmedezin weiderhin net, wie se sinn a vu wou se kommen. De Justizminister Beat Jans huet betount, d’Autoritéite géife 24 Stonnen den Dag schaffen, fir de Famille vun de Vermësste sou séier wéi méiglech Gewëssheet ze ginn.
De Parquet vum Kanton Valais huet iwwerdeems Ermëttlunge géint déi zwee Bedreiwer vun der Bar ''Le Constellation’’ opgeholl: Hinne ginn ënnert anerem Homicide involontaire a Coups et blessures involontaires reprochéiert. Et gëllt d’Présomption d’innocence.
Wéi den Ausseministère iwwerdeems an engem Communiqué schreift, wier d’Lëtzebuerger Air Rescue iwwer den Europäeschen Zivilschutz-Mechanismus aktivéiert ginn an hätt den 2. Januar ee Blesséierten vu Payerne an der Schwäiz op Leipzig (D) transportéiert. Den 3. Januar wier eng weider blesséiert Persoun vun Zürech op Berlin geflu ginn.

Vun de Schwäizer Autoritéite koum och d’Confirmatioun, datt bei der Brandkatastroph am Ganzen ee Lëtzebuerger liicht blesséiert ginn ass.
Dem 18 Joer jonken Eliot Thelen säin Temoignage kënnt Dir hei nach emol liesen, respektiv kucken.