
D'Fändele waren op Hallefmast a méi spéit sollt et och Veilléeë ginn, mat deenen am Hinduismus déi 13 Deeg laang Trauerzäit nom Doud vun engem Familljemember op en Enn geet. Bei der Flutkatastroph, déi warscheinlech doduerch ausgeléist gouf, datt e Stéck vun engem Gletscher ofgebrach war, waren am nepaleesesch-tibeetesche Grenzgebitt aktuellen Zuelen no bal 1.400 Leit ëm d'Liewe komm, méi wéi 5.000 Leit ginn ëmmer nach vermësst, dorënner honnerten Auslänner.
E Spriecher vun der Arméi sot der AFP e Méindeg, datt d'Sich- a Rettungsaarbechte "mat der selwechter Vitess" weider géinge goen "wéi um éischten Dag". Ënnert de Vermësste sinn och vill Mataarbechter vu Waasserkraaftwierker, déi an Tunnelle verschott sinn. Nodeems de Weekend dräi vun hinne lieweg gebuerge konnte ginn, ass nei Hoffnung opkomm, weider Iwwerliewender ze fannen.