FaktencheckNee, Giorgia Meloni huet Frankräich net als zukünftegt "aarmt Land" bezeechent

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
D'Relatiounen tëscht dem Emmanuel Macron an der Giorgia Meloni waren déi leschte Méint vun Tensioune gepräägt.
© RTL-Grafik

Am Kontext vun dësen Tensiounen ass e Video viral gaangen, andeem d’Cheffin vun der italieenescher Regierung eng Deklaratioun ofgëtt, an där gesot gëtt, datt Frankräich wéinst der Politik vum franséische Staatschef zu engem “aarme Land” wäert ginn. Mä déi italieenesch Regierungscheffin huet , op d’mannst ëffentlech, ni eng Ausso an deem Stil gemaach. Den TikTok-Account, deen den Ursprong vun deem virale Video ass, huet géintiwwer AFP matgedeelt, datt een de Video zesummegesat huet mam Zil, Suen doduerch ze verdéngen, well e viral gaangen ass.

An enger Serie vu Videoen op TikTok ( 1 , 2 , 3 ), déi vun Honnertdausende Leit gekuckt a vun Zéngdausende Leit geliked goufen, gesäit een d’Cheffin vun der italieenescher Regierung Giorgia Meloni, déi Aussoe virun engem Mikro mécht. An dëse Videoen héiert een eng Stëmm, déi als déi vun der Meloni duergestallt gëtt, dat awer op Franséisch mat engem italieeneschen Accent. Ze héieren ass an dëse Videoen dann d’Ausso, datt Frankräich “fréier oder spéider” als eent “vun den äermste Länner” klasséiert wäert ginn, wann de franséische President “esou weider mécht”.

An all de Videoe gëtt dann och behaapt, dat den Emmanuel Macron géint “d’Kreatioun vun enger europäescher Arméi” wier, déi “géint de Putin ka kämpfen”. Dëst géif Europa “an eng Fal lafe loossen”, esou wéi scho fréier de “Franc CFA” (Umierkung vun der Redaktioun: “franc des Colonies Françaises d’Afrique”) fir Afrika war. Italien hätt “ni d’Ressourcë vun Afrika geklaut” oder “dat afrikanescht Vollek wirtschaftlech versklaavt”, héiert een déi italieenesch Regierungscheffin a bal perfektem Franséisch soen.

Am Montage vum Video gi richteg Biller vun der italieenescher Regierungscheffin an dem Emmanuel Macron genotzt. Mä et gi keng Tracen, datt dës Deklaratioune gemaach goufen. An de Video gouf vun enger Kënschtlecher Intelligenz (KI) generéiert.

E Video vu fake Noriichtesäiten

AFP huet keng Spueren iwwert dës Sujeten an den offizielle Rieden an ëffentlechen Interventioune vun der Giorgia Meloni fonnt. Weder déi italieenesch nach déi franséisch Medien hunn dovunner geschwat. Datt awer eng Deklaratioun vun der Cheffin vun der italieenescher Regierung mat esou Aussoe komplett laanscht all d’Medie gaange wier, schéngt net probabel.

A Wierklechkeet baséiert sech de Video op manipuléiert Inhalter, an där der italieenescher Regierungscheffin Aussoen an de Mond geluecht ginn, déi si ni gemaach huet.

Eng Billersich erméiglecht et, fir déi original Sequenz ze fannen, déi vu méi Medien opgegraff gouf. Si ass vum Abrëll 2025 a weist d’Giorgia Meloni, déi an Italien eng Hommage iwwer de Poopst François hält. (Fannt hei de Link).

Captures d'écran de la fausse vidéo virale sur TikTok à gauche et de la vidéo Youtube du discours de Giorgia Meloni à droite.
Screenshot vum falsche Video, deen op TikTok viral gaangen ass, lénks géintiwwer dem Video vun der Ried vun der Giorgia Meloni op Youtube riets.
© AFP

An der Versioun, déi online viral gaangen ass, weist déi franséisch Audiospuer Iwwerschneidunge vu Wierder op. Den Analysentool “Detecting-IA” confirméiert, datt d’Tounspuer verännert gouf.

Capture d'écran réalisée sur le site DetectingAI le 26/11/2025.
Screenshot vum Site DetectingAI vum 26.11.2025.
© AFP

Wéi et schéngt, huet de manipuléierte Video franséischsproocheg Leit, déi an Afrika liewen, als Zilgrupp. Dëst gesäit ee gutt dodrun, datt hei dat sensibelt Thema vum “franc CFA” agebaut gëtt. Dës Wärung war wärend der Kolonialzäit an Ëmlaf komm an ass reegelméisseg e grousse Sträitpunkt.

Den TikTok-Account, dee fir d’Eroplueden zoustänneg ass, huet op Nofro vun der AFP den de 25. November ënnert der Konditioun, anonym ze bleiwen, confirméiert, datt een eng “vun der KI generéiert Stëmm” benotzt huet a selwer de Montage gemaach huet. Weider war et d’Ausso, datt ee sech un engem änleche Video inspiréiert huet, dee schonn am August viralgaangen ass. Zil war et, duerch d’Viralgoe vum Video Suen op TikTok ze verdéngen.

“Ech sinn net all ze houfreg op dës Niche. Fir mech war et en einfacht Mëttel, fir Suen ze verdéngen”, erkläert den 19 Joer ale Student, deen zouginn huet, ronn 60 Euro iwwer d’Plattform verdéngt ze hunn, datt wéinst der “Qualitéit” vum publizéierte Video.

Vill Konten diffuséiere reegelméisseg Desinformatiounen, andeem si och ëmmer nees op de grafeschen Opbau vun traditionelle Medien zeréckgräifen. Hiert Zil ass et ëmmer, fir d’Reechwäit domadder ze maximiséieren.

Si füge sech domadder an en aalt Phenomeen an, andeem si wouer a falsch Elementer vermëschen, fir Opmierksamkeet z’erreegen a vum Algorithmus vu verschiddene Plattformen ze profitéieren. Dës Plattforme favoriséieren domadder Desinformatioun an halen den “Informatiounsniwwel” oprecht. AFP Factuel huet schonn een Artikel iwwert dës Praktike gemaach, deen der hei noliese kënnt.

Back to Top
CIM LOGO