Bedenke wéinst DateschutzNorwegen wëll Smart Glasses op ëffentleche Plaze verbidden

AFP, iwwersat vun RTL
An Norwegen solle Smart Glasses op ëffentleche Plaze wéi Plagen, Parken oder Schoule verbuede ginn.
Norwegens Regierung will die Nutzung sogenannter Smart Glasses vorübergehend an bestimmten öffentlichen Orten verbieten. Sie begründete das Vorhaben mit Datenschutzbedenken.
Déi norweegesch Regierung wëll Smart Glasses op ëffentleche Plaze verbidden.
© AFP/Archiv

Déi norweegesch Regierung wëll d'Notze vu sougenannte Smart Glasses op verschidden ëffentleche Plaze verbidden. Dat wéinst Dateschutzbedenken. D'Verbuet soll fir Parken, Plagen, Muséeën, Akafszenteren, Schoulen, Maison-relaisen, Gesondheetsstrukturen, Fitnessstudioen an ëffentlech Evenementer gëllen. D'Aarbechterpartei, déi an Norwegen eng Minoritéitregierung uféiert, brauch awer d'Ënnerstëtzung vun anere Parteien, fir d'Verbuet ze stëmmen.

D'Partei huet erkläert, datt si "esou séier wéi méiglech" e Gesetzesentworf presentéiere wëll. Donieft hätt een en Expertegrupp beoptraagt, fir dauerhaft Reegelen an deem Beräich auszeschaffen. D'Regierung huet betount, datt si kee pauschaalt Verbuet vun de Brëlle wéilt.

Smart Glasses gi vu verschidde Brëlleproduzenten a Kooperatioun mat Technologiekonzerner wéi Meta oder Google ugebueden. Ënnert anerem si Kameraen drun a se kënne sech mam Internet verbannen. Nieft Fotoen a Videoe sinn dacks och Livestreame méiglech. Eleng eng de Brëll vu Meta zesumme mat Ray Ban gouf 2025 weltwäit siwe Millioune Mol verkaf. Den Asaz stéisst allerdéngs och erhieflech Dateschutzbedenken. A Frankräich huet d'Justiz wéinst heemlechen Opname vu Fraen Ermëttlunge lancéiert.

Meta betount, datt seng Brëller mat enger LED-Luucht ekipéiert wieren, déi blénke géing, wann eng Foto oder e Video opgeholl géinge ginn. D'Luucht kéint een net ausschalten, ouni d'Kamera onbrauchbar ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO