
Smart Glasses si Brëller mat enger Kamera an engem Mikro, déi een awer antëscht kaum nach gesäit, an déi sech mam Internet connectéiere kënnen. Nieft Fotoen a Videoe sinn domat och Livestreame méiglech. D'Täter riskéiere Strofe vu bis zu 2 Joer Prisong a 45.000 Euro Geldstrof, heescht et vum Paräisser Parquet. Eng sëllege Fraen hate Plaintë gemaach, well hir Privatsphär violéiert gouf.
Wéi France Info mellt, géife Männer geziilt Frae belästegen a provozéieren an dann hir Reaktioun heemlech mam Brëll filmen. Et géif ganz Konten op soziale Reseauen, déi nëmmen där Videoe verbreeden.
Smart Glasses gi vu verschiddene Brëllenhiersteller a Kooperatioun mat Technologiekonzerner wéi Meta oder Google ugebueden. Eleng den High-Tech-Brëll vu Meta a vum Hierstelle Ray-Ban gouf 2025 weltwäit 7 Millioune Mol kaf.