Héichenergie-Neutrino-FuerschungPhysik-Nobelpräis geet un de belschen Astrophysiker Francis Halzen

RTL mat AFP
De belschen Astrophysiker Francis Halzen huet ënner anerem wéinst der Decouverte vun Héichenergie-Neutrinoe vun astrophysikalescher Hierkonft de Physik-Nobelpräis kritt.
De Francis Halzen gouf zu Stockholm als Gewënner vum Physik-Nobelpräis annoncéiert.
© Photo by CHRISTINE OLSSON / TT NEWS AGENCY / TT NEWS AGENCY VIA AFP

De Physik-Nobelpräis geet dëst Joer un de belschen Astrophysiker Francis Halzen. De Wëssenschaftler gëtt fir seng "decisiv Bäiträg" zum IceCube-Neutrinoobservatorium, souwéi fir d'Decouverte vun Héichenergie-Neutrinoe vun astrophysikalescher Hierkonft geéiert. Sou huet den Nobel-Kommitee d'Auszeechnung vum 82 Joer ale Wëssenschaftler en Dënschdeg de Moien zu Stockholm begrënnt.

De Physik-Nobelpräis ass dëst Joer mat engem Präisgeld vun 12 Millioune schweedesche Krounen dotéiert, wat ëmgerechent ronn eng Millioun Euro ass.

E Méindeg ass fir den Optakt de Medezin-Nobelpräis un zwee däitsch an een US-amerikanesche Fuerscher wéinst hirer Aarbecht an der Optogenetik gaangen.

Back to Top
CIM LOGO