
E gehéiert zu de prestigiéisten Auszeechnungen op der Welt: Dës Woch ginn d'Nobelpräisser nees verdeelt. All Dag ginn d'Gewënner an hir aussergewéinlech Leeschtungen an de verschiddene Kategorien annoncéiert.
Den Optakt huet e Méindeg den Nobelpräis an der Medezin gemaach, deen dëst Joer un déi zwee däitsch Fuerscher Peter Hegemann vun der Humboldt-Universitéit a Georg Nagel vun der Universitéit Würzburg, grad esou wéi de Karl Deisseroth aus den USA gaangen ass. Si kruten d'Auszeechnung fir hir Aarbecht am Beräich vun der sougenannter Optogenetik, enger Method, "déi et erméiglecht ze weisen, wéi Nervenzellen Erënnerungen, Gefiller a Verhalensweisen am Gehier forméieren".
Dat lescht Joer war de Präis un dräi Wëssenschaftler aus Japan an den USA gaangen, wéinst hirer Fuerschungsaarbecht zum mënschlechen Immunsystem.
An den nächsten Deeg ginn zu Stockholm an zu Oslo d'Gewënner an de Kategorie Physik, Chimie, Literatur a Wirtschaft annoncéiert. Ween de Friddensnobelpräis gewënnt, gi mer e Freideg gewuer.