No Chute bei US-Stëtzpunkt SpangdahlemPilot vu Kampffliger aus Spidol entlooss

AFP, iwwersat vun RTL
De Pilot, deen en Dënschdeg mat sengem Kampffliger erofgefall war, gouf e Mëttwoch den Owend mat liichte Blessuren aus dem Spidol entlooss.
D'Plaz vum Accident, no bei engem Golfterrain.
D'Plaz vum Accident, no bei engem Golfterrain.

Nodeems en F-16-Kampffliger um US-Loftwaffestëtzpunkt Spangdahlem a Rheinland-Pfalz gouf de Pilot aus dem Spidol entlooss. Hien hätt nëmme liicht Blessuren, heescht et vun der US-Airbase e Mëttwoch den Owend.

Geschitt war de Virfall en Dënschdeg um Réckwee vun engem Trainingsfluch. Dem US-Militär no huet de Pilot sech selwer mam Schleidersëtz gerett. Dräi weider F-16-Fligeren, déi beim Trainingsfluch matgemaach hunn, konnten auswäichen a sécher landen. D'Ermëttlungen zu der Ursaach vun der Chute daueren nach, heescht et weider.

De Loftwaffestëtzpunkt Spangdahlem läit an der Äifel an huet eng Fläch vu méi wéi fënnef Quadratkilometer. Ronn 5.000 aktiv US-Zaldoten a 7.000 Familljemembere liewen hei.

Back to Top
CIM LOGO