Zu SpangdahlemF-16-Militärfliger bei US-Stëtzpunkt an der Äifel erofgefall - Virfäll zu Lëtzebuerg "bekannt"

RTL Lëtzebuerg
AFP
Aus nach net gekläerter Ursaach ass beim US-Stëtzpunkt Spangdahlem e Fliger erofgefall. Eng Persoun ass blesséiert ginn.
D'Plaz vum Accident, no bei engem Golfterrain.
D'Plaz vum Accident, no bei engem Golfterrain.

An der Äifel ass en Dënschdeg am fréien Nomëtteg een US-Militärfliger vum Typ F-16 erofgefall. Den Accident ass an der Géigend vum US-Loftwaffestëtzpunkt Spangdahlem geschitt, wou eng Staffel vum Fliger-Typ F-16 stationéiert ass. Awunner no wier eng grouss Dampwollek ze gesinn an e Groussasaz vu Pompjeeën a Police ze héiere gewiescht.

De Pilot, dee grad amgaange war ze landen, soll sech per Schleidersëtz gerett kritt hunn, éier de Fliger op engem Golfparcours net wäit vun der B50 tëscht Binsfeld a Spangdahlem erofgefall ass. Eng blesséiert Persoun ass confirméiert gi vun den Autoritéiten. Aus wéi engem Grond et zum Accident komm ass, gouf net bekannt gemaach. Véier Fligeren, déi un enger Übung bedeelegt waren, sollte landen. Déi aner dräi hunn nom Accident mussen op Ramstein auswäichen.

Net ausgeschloss, datt Dron involvéiert kéint gewiescht sinn

Op Nofro vum "Trierischer Volksfreund" sot d'Sprecherin vun der Airbase , et géif nach no der Ursaach vum Tëschefall gesicht ginn. A ce stade kéint een näischt ausschléissen - och net, datt eng Dron kéint involvéiert gewiescht sinn. "Eis sinn déi rezent Meldungen iwwer Dronenaktivitéiten um Lëtzebuerger Fluchhafen Findel bekannt", sou d'Spriecherin. Weider Detailer géif ee bekanntmaachen, esoubal se do wieren.

Schonn am Oktober 2019 war an der Géigend vu Spangdahlem ee Kampfjet erofgefall. Op der Airbase, déi ronn fënnef Quadratkilometer grouss ass, sinn eng 5.000 aktiv Zaldoten doheem, zesumme mat ronn 7.000 Familljememberen. Déi US-amerikanesch Loftwaff ass zanter Mëtt de 1950er Joren zu Spangdahlem present. D'Airbase gëllt nieft Ramstein bei Kaiserslautern als ee vun de wichtegste Fluchhäfe fir dat US-amerikanescht Militär.

Back to Top
CIM LOGO