Krisereunioun aberuffPolen mellt Hiweiser op Attentatspläng géint Premier Tusk an Defenseminister Kosiniak-Kamysz.

AFP, iwwersat vun RTL
Hiweiser op méiglech Attentatsversich géint de polnesche Premierminister Donald Tusk an de polneschen DefenseministerWladyslaw Kosiniak-Kamysz hunn a Polen héchst Suerg ausgeléist.
Hinweise auf einen "möglichen Attentatsversuch" gegen Ministerpräsident Donald Tusk und Verteidigungsminister Wladyslaw Kosiniak-Kamysz haben in Polen höchste Sorge ausgelöst.
De polnesche Premierminister Donald Tusk a säin Defenseminsister Wladyslaw Kosiniak-Kamysz.
© AFP/Archiv

Fir e Sonndeg gouf dem Inneministère no eng urgent Krisereuniiun aberuff, dat mat Vertrieder vum Geheimdéngscht. "Mir huelen dës Ugeleeënheet doudeescht", esou e Regierungsspriecher. Bei der polnescher Police wieren "Informatiounen iwwert e méiglechen Attentatsversuch" erakomm, deen op den Tusk an de Kosiniak.Kamysz ofgeziilt hätt, esou den Inneministère. Weider Detailer ginn allerdéngs keng genannt.

De Spriecher vum Coordinateur fir d'Geheimdéngschter, Jacek Dobrzynski, sot virun der Press, datt "Mount fir Mount, Joer fir Joer ëmmer méi Menacen a beonrouegend Messagë vun all Aart" bei de polneschen Autoritéiten erakéimen. Déi aktuell Informatiounen zu engem méiglechen Attentat géint déi zwee Politiker géing et "eng héich Warscheinlechkeet" ginn, "datt dës Menacen tatsächlech ëmgesat kéinte ginn".

Wéinst de rezente Messerattacken a sëllege Schoule bannent de leschten Deeg ass Polen scho sou am Alarmzoustang.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO