Drëtt Attack bannent véier DeegNees Messerugrëff a polnescher Schoul, dräi Frae verwonnt

RTL Lëtzebuerg
A Polen koum et e Samschdeg op en Neits zu enger Messerattack an enger Schoul. Dräi Persoune goufe verwonnt, dovunner huet eng missen hospitaliséiert ginn. D'Attack ass déi drëtt a Polen bannent nëmme véier Deeg.
Polnesch Policebeamten op Patrull an enger Schoul.
Polnesch Policebeamten op Patrull an enger Schoul.
© MATEUSZ KOTOWICZ/NurPhoto via AFP

Reuters mellt, dass et sech beim presuméierten Täter ëm eng Schülerin vun 21 Joer handele soll. D'Attack wier an enger Schoul fir Erwuessener zu Warschau geschitt. Déi polnesch Noriichtenagence PAP schreift, dass et sech bei den Affer ëm zwou Schülerinne vu 17 Joer an eng Fra vu 24 Joer handelt. Si wieren am Sekretariat gegraff ginn, wéi si hei grad Dokumenter ofginn hunn. E Lien tëscht Täterin an den Affer soll et der Police no kee ginn hunn.

Wéinst änlechen Attacken e Mëttwoch an Donneschdeg: 76 Persoune festgeholl a 50.000 Schoule kontrolléiert

Et ass an dëser Woch déi drëtte Kéier, dass et a Polen zu esou enger Messerattack kënnt. E Samschdeg de Moien nach hat d'Police matgedeelt, dass e Freideg am ganze 76 Persoune festgeholl an am ganze Land eng 50.000 Schoulgebaier kontrolléiert goufen, fir erauszefannen, ob et sech méiglecherweis ëm eng Social-Media-Challenge handelt. Ënnert de Persounen, déi festgeholl goufen, wiere vill Mineuren, déi am Netz gedreet hunn, esou eng Dot ze begoen.

En Donneschdeg ware bei engem Messerugrëff vun engem 15 Joer ale Schüler eng 37 Joer al Concierge ëmbruecht an zwee Proffe blesséiert ginn. Den Dag virdrun huet e Schüler vun 19 Joer an enger Beruffsschoul seng Matschüler an d'Personal attackéiert, woubäi néng Persoune verwonnt goufen, zwou dovunner méi uerg. De Regierungschef Donald Tusk huet méi Policekontrollen a Schoulen annoncéiert an Online-Reseauen a Videospiller fir d'Dote matresponsabel gemaach.

Ob et sech ëm eng Social-Media-Challenge handelt, wéi ugangs geduecht, ass awer nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO