Néng Läiche fonntPolice mellt dräi Festnamen am Kader vu Mordserie u Fraen a Südafrika

AFP
Bei den Ermëttlungen am Kader vun enger Mordserie u Fraen zu Johannesburg huet déi südafrikanesch Police e Méindeg dräi Festnamen annoncéiert.
Bei den Ermittlungen zu einer Mordserie an Frauen in Johannesburg hat die südafrikanische Polizei drei Festnahmen verkündet. Ein Mann und zwei Frauen seien am Wochenende im Zusammenhang mit dem Tod von Jabulile Ntimba festgenommen worden, teilte die Polizei mit.
Déi stierflech Iwwerreschter vun der Jabulile Ntimba goufe leschten donneschdeg um Bord vun enger Strooss fonnt.
© AFP

Ee Mann an zwou Frae wieren de Weekend am Zesummenhang mam Doud vun der Jabulile Ntimba festgeholl ginn, esou d'Police. Hir Läich war de 17. September entdeckt ginn. Am Quartier Kempton Park ware bannent zwee Méint insgesamt néng Fraeläiche fonnt ginn, fir d'lescht déi vun der Ntimba. Wéi an deene meeschten anere Fäll och war hir Läich hallef plakeg um Bord vun der Strooss entdeckt ginn.

D'Mordserie huet a Südafrika eng Well u Protester ausgeléist. Geschlechtsspezifesch Gewalt ass an dem Land wäit verbreet. De Vereenten Natiounen no erlieft all drëtt Fra a Südafrika am Laf vun hirem Liewe kierperlech oder sexuell Gewalt. Südafrika huet och ee vun den héchste Mordtauxen op der Welt. Am Schnëtt ginn all Dag 60 Leit ëmbruecht.

De President Cyril Ramaphosa huet e Méindeg säi Versprieche widderholl, déi Verantwortlech viru Geriicht ze bréngen. "Mir wäerten näischt onversicht loossen, fir déi Schëlleg ze fannen", sot hie viru Journalisten an huet "méi Suen, méi Ressourcen a méi Technologie" fir d'Stäerke vun der Sécherheet vu Frae versprach.

Mat den dräi Festname vum Weekend klëmmt d'Zuel vun deenen, déi am Kader vun der Mordserie festgeholl goufen, op véier. Ee Mann war no der Decouverte vun enger Fraeläich am Juli festgeholl ginn. Hie soll Enn Oktober viru Geriicht kommen.

Back to Top
CIM LOGO