
Nodeems gëschter e klenge Fliger südlech vu Mannheim erofgefall war, schwätzen d'Ermëttler elo vun enger Explosioun. Wéi d'Police matgedeelt huet, soll direkt virum Ongléck en haarde Knall ze héiere gewiescht sinn. Iwwer d'Ursaach gëtt nach ermëttelt.
D'Propellermaschinn war zu Oochen gestart an dann eng 250 Kilometer vun do fort iwwert engem Wunnquartier erofgefall. Déi zwee Männer, déi am klenge Fliger waren, si gestuerwen.