
D'Fra soll aus der Ukrain kommen, aktuell awer an Däitschland liewen. Hir Wunneng do gouf e Freideg duerchsicht. Si soll sech fir d'Dot als Mann verkleet hunn.
D'Enquêteure ginn dovun aus, datt si net eleng agéiert huet. Si gëtt elo mat engem internationale Mandat d'arrêt gesicht. D'Identitéit vun den Affer gouf nach net offiziell kommunizéiert, ma e sëllege Medie mellen, datt en ukraineschen Oligarch, seng Fra a säi Fils vun der Attack viséiert waren.