Dräi Leit blesséiertËnnert den Affer vun der Attack zu Monaco soll en ukraineschen Oligarch sinn

RTL mat AFP
Zu Monaco ass wuel en Attentat duerchgefouert ginn, bei deem den ukraineschen Oligarch Vadim Ermolaev an zwou weider Persoune blesséiert goufen.
Den 29. Juni gouf en Bommenattentat op en ukraineschen Oligarch, deen zu Monaco lieft, duerchgefouert.
Den 29. Juni gouf en Bommenattentat op en ukraineschen Oligarch, deen zu Monaco lieft, duerchgefouert.
© VALERY HACHE/AFP

Wéi déi monegassesch Autoritéite matgedeelt hunn, goufen duerch d'Explosioun an engem Wunnhaus e Méindeg den Owend zwee Erwuessener liewensgeféierlech blesséiert. En 13 Joer ale Jong gouf liicht verwonnt. Wéi d'AFP vun den Ermëttler gewuer gouf, wier wuel de Vadim Ermolaev (Wadym Jermolajew) ënnert den Affer.

De Multimillionär, deen zu Monaco lieft, krut am Dezember 2023 Sanktioune vu Kiew operluecht. Medien no gouf dës Decisioun vun der ukrainescher Regierung geholl, well den Ermolaev trotz dem Krich mat Russland weider Alkohol un d'Krim geliwwert hunn.

D'Regierung zu Monaco huet erkläert, datt déi "staark Explosioun" duerch eng Bomm, déi an engem Pak verstoppt war, verursaacht gouf. "Ee Verdächtege gouf op Video opgeholl, wéi hien a Richtung Beausoleil a Frankräich geflücht ass", heescht et an enger Erklärung, déi op X publizéiert gouf. Aus dem Ëmfeld vum franséischen Inneminister Laurent Nuñez heescht et, datt ee sech un der Sich no der Persoun

Den Albert II. vu Monaco huet de Virfall als "degueulassest Verbriechen" an als "Schock fir déi ganz monegassesch Gemeinschaft" bezeechent. De Staatsminister a Regierungschef Christophe Mirmand sot, datt am Sprengsaz wuel Schrauwen a Schrott mat verschafft waren. "Dat ass menges Wëssens no déi éischte Kéier an der Geschicht, datt esou eng Dot am Fürstentum passéiert ass", esou de Mirmand.

Elo kënnt et drop un, fir mat de Geheimdéngschter zesummenzeschaffen, fir "d'Ëmfeld vun den Affer ze identifizéieren" an esou festzestellen, ob méiglecherweis weider Persoune d'Zil vun Attacke kéinte ginn, esou de Christophe Mirmand weider. Dosende Pompjeeën a Sécherheetsleit waren am Asaz, fir déi Verletzt ze versuergen an d'Plaz, wou d'Explosioun war, ofzesécheren. D'Wunngebai läit un enger Strooss, déi a Richtung Frankräich verleeft.

De Stéphane Thibault vum Parquet huet gesot, datt e Verdächtegen e Kuerf oder e Pak an der Entrée vum Wunnhaus ofgestallt huet. Fir en Dënschdeg huet hien eng Pressekonferenz aberuff.

Den Ament vun der Explosioun ware just déi dräi Affer am Gebai. Déi dräi Blesséiert koum an d'Spideeler op Nice, wat eng 20 Kilometer vu Monaco ewech läit. De Buergermeeschter vun Nice Eric Ciotti huet vun enger "Tragedie" fir Monaco geschwat.

Back to Top
CIM LOGO