Protester a FrankräichPresident Macron huet Demissioun vum Inneminister Nuñez refuséiert

RTL mat AFP
Wéi den Elysée e Méindeg matdeelt, hätt den Inneminister Laurent Nuñez e Sonndeg an Zesummenhang mat de gewaltsamen Ausschreidungen an enger Rei franséische Groussstied seng Demissioun eragereecht, dës wier awer vum President Macron refuséiert ginn.
De franséischen Inneminister Laurent Nuñez.
De franséischen Inneminister Laurent Nuñez.
© TELMO PINTO/NurPhoto via AFP

"Mat Bléck op d'Necessitéit vun enger kontinuéierlecher Leedung vun de Forces de l'ordre am aktuelle Kontext", hätt de President d'Demissioun vum Laurent Nuñez refuséiert.

Weider geséich de Macron e Versoe beim Plange vun de Policeasätz an dem Beschafe vun Informatiounen am Virfeld vun de Gewaltexzesser.

De President hätt den Inneminister iwwerdeems domat beoptraagt, "esou séier wéi méiglech nei Methoden an d'Weeër ze leeden" fir "géint d'Casseuren" virzegoen an och fir Transparenz beim Opschaffe vun dësen "Defaillancen" ze suergen.

A ganz Frankräich koum et de Weekend - virun allem Samschdes - zu massiven, deels gewalttätegen Ausschreidungen. Geschäfter goufe geplëmmt, Gebaier a Gefierer sinn a Flamen opgaangen an Demonstranten hu sech hefteg Stroosseschluechte mat der Police geliwwert, déi mat Tréinegas geäntwert huet. Dem franséischen Inneministère no goufe bal 2.400 Leit festgeholl, bal 1.000 Poliziste goufe blesséiert.

Den Emmanuel Macron hat e Sonndegowend an enger Tëleesusprooch d'Gewalt verurteelt, ma och ënnerstrach, datt ee misst tëscht deenen ënnerscheeden, déi legitim Revendicatiounen hunn an dowéinst op d'Strooss ginn, an deenen, déi all Ursaach géife notzen, fir Gewalt an Onrou an déi franséisch Stied ze bréngen. E Méindeg géint 10 Auer kënnt ënnert der Leedung vum Premier Lecornu eng Cellule interministerielle beieneen, fir iwwer de juristesche Suivi ze beroden an och ze kucken, wéi déi beschiedegt Commercë kënnen entschiedegt ginn.

Liest och hei:

Back to Top
CIM LOGO