
Hie géif sech op de Poste mellen, well d'Zäit komm wier, d'"Denkweis" bannent der israeelescher Arméi ze änneren, sot de rietsextreme Politiker en Dënschdeg bei enger Pressekonferenz zu Jerusalem. "D'Zäit ass komm, fir d'Sécherheetsdoktrin vum Staat Israel mat engem eenzegen Zil ze veränneren: eng decisiv Victoire un all Front", esou de Ben Gvir.
De reliéis-fundamentalistesche Politiker huet ee "Sécherheetsplang" fir "d'Fërderung vun der fräiwëlleger Auswanderung" vu Palästinenser, souwuel aus der Gazasträif wéi och aus dem besate Westjordanland, virgeluecht. De Plang gesäit och d'Entwaffnung vun der vun him als "terroristesch" bezeechenter palästinensescher Autonomieagence an eng verstäerkten Ënnerstëtzung fir israeelesch Zaldote vir. Déi gewaltsam Verdreiwung vun Zivilisten aus besate Gebidder gëtt de Genfer Konventiounen no als Krichsverbrieche gewäert.
Dem Ben Gvir seng Annonce huet staark Reaktiounen aus der israeelescher Oppositioun provozéiert. De fréiere Generol an Haaptkandidat fir d'Ministerpresidentenamt Gadi Eisenkot huet sengem Rival Benjamin Netanjahu virgeworf, "de Verstand verluer ze hunn", well hien de "kriminellen" Ben Gvir a seng Koalitioun opgeholl hätt.
De Ben Gvir ass Chef vun der rietsextremer Partei Otzma Jehudit (Jüddesch Kraaft) a sëtzt zanter 2021 am israeelesche Parlament. Zanter 2023 ass hie Minister fir National Sécherheet. Zesumme mam Finanzminister Bezalel Smotrich ass hien Deel vun de rietsextreme Koalitiounspartner vum Ministerpresident Netanjahu. Schonn a senger Jugend war de Ben Gvir wéinst Haassrieden an Ustachelen zur Gewalt verklot ginn. Hie bretzt sech domat, 46 Mol fräigesprach ginn ze sinn.
De 27. Oktober gëtt an Israel een neit Parlament gewielt. D'Wal gëtt och als Referendum iwwert dem Netanjahu seng Féierung vum Land no dem Iwwerfall vun der radikalislamescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 gesinn. Den Netanjahu ass den déngschteelste Ministerpresident vun Israel an huet sech selwer ëmmer als Garant fir d'Sécherheet vum Land bezeechent. Feeler nom Iwwerfall vun der Hamas am Oktober 2023 weist hien zeréck.