Reaktioun op däitsch MesurenRusseschen Ausseminister annoncéiert Fermeture vum Goethe-Institut a Russland

RTL Lëtzebuerg
Als Reaktioun op déi däitsch Attentat-Reprochen an d'Mesuren, déi Berlin scho getraff huet, äntwert Moskau elo mat der Fermeture vum Goethe-Institut a Russland.
© ARTUR WIDAK/NurPhoto via AFP

Dat huet den Ausseminister Sergej Lawrow beim ëstleche Wirtschaftsforum zu Wladiwostok confirméiert. Nieft dem Haaptgebai zu Moskau ginn et vum Institut och nach Plazen zu Jekaterinburg a St. Petersburg. "Natierlech gi se zougemaach, nodeems eis Kulturzentren vun do verdriwwe goufen". Däitschland géing "d'Enn vu senger kultureller Präsenz an der Russescher Federatioun" a Kaf huelen, esou de Lawrow.

Nodeems leschte Mount eng mat Sprengstoff ekipéiert Dron um Flughafen vu Leipzig/Halle entdeckt gouf, hat Däitschland dës Woch jo offiziell Russland heifir responsabel gemaach a Sanktiounen ugekënnegt. Deemno gëtt d'russescht Konsulat zu Bonn zougemaach wéi och d'Russescht Haus zu Berlin. Moskau huet d'Virwërf zeréckgewisen an entspriechend Géigemoossnamen annoncéiert.

Entretemps mellt och Dänemark versichte Sabotage-Aktiounen op sengem Territoire. Betriber, déi an der Verdeedegungsindustrie aktiv sinn, sollte geziilt mat Sabotage-Aktioune geschwächt ginn. Dat mellt déi dänesch Zeitung Berlingske, a berifft sech op d'Confirmatioun vum dänesche Chef vum Inlands-Geheimdéngscht. D'Preparative wieren esou konkret gewiescht, dass een et fir noutwenneg gehalen hätt, domat un d'Ëffentlechkeet ze goen. Wat genee geplangt war, gëtt awer net genannt.

D'Ausseministere vun Däitschland, Frankräich a Polen gesi sech haut iwwerdeems am sougenannte Weimarer-Dräiecks-Format. Och do dominéiert an de Gespréicher den hybride Krich vu Russland géint de Westen, awer och d'Konflikter am Noen Oste sollen debattéiert ginn

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO