No versichtem Uschlag zu LeipzigEU bereet nei Russland-Sanktioune vir

Marlène Clement
Tom Nols
D'EU-Ausseministere stinn hannert eisem Nopeschland. Iwwerdeems sollen an Däitschland zwee Verdächteger festgeholl gi sinn.
Gruppebild vun den EU-Ausseministeren um informellen Treffen an Irland
Gruppebild vun den EU-Ausseministeren um informellen Treffen an Irland
© IDA MARIE ODGAARD/Ritzau Scanpix via AFP

No der versichter Sprengstoff-Attack um Leipziger Fluchhafen soll et den Ermëttler vum Bundeskriminalamt (BKA) gelonge sinn, zwee presuméiert Täter ze identifizéieren. Dat schreiwen däitsch Medien, déi sech op Informatioune vun NDR, WDR an der Süddeutscher Zeitung (SZ) baséieren.

Ënnert anerem d'"Russisches Haus" zu Berlin soll zougemaach ginn
Ënnert anerem d'"Russisches Haus" zu Berlin soll zougemaach ginn
© HALIL SAGIRKAYA/Anadolu via AFP

Ee vun den Verdächtege soll aus Belarus kommen an och ee russesche Pass hunn. Deen anere soll nieft engem lettesche Pass och ee russeschen hunn. En Dënschdeg hat Däitschland jo Russland offiziell responsabel gemaach fir den Dronen-Virfall Ufank August. D'Bundesregierung fuerdert weider Sanktiounen géint Russland. Decidéiert gouf bis ewell, dat russescht Konsulat zu Bonn an d'Russescht Haus zu Berlin zouzemaachen.

EU bereet nei Sanktioune géint Russland vir

Wéi den däitschen Ausseminister Wadephul um informellen Conseil vun den EU-Ausseministeren an Irland sot, hätt Russland d'Situatioun eskaléieren gelooss a misst elo d'Konsequenzen droen. Lëtzebuerg ass an Irland duerch de Xavier Bettel vertrueden. Verschidden EU-Staaten, wéi Frankräich, Finnland, Portugal, Tschechien an d'Belsch, hunn hir jeeweileg russesch Ambassadeure convoquéiert a stinn hanner Däitschland. De Kreml huet iwwerdeems den däitsche Botschafter komme gelooss wéinst "antirusseschen Handlungen an Äusserunge vun däitschen "Autoritéiten".

De Xavier Bettel am Gespréich mam ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha
De Xavier Bettel am Gespréich mam ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha
© MOSTAFA DARWISH/Anadolu via AFP

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj telefonéiert an him weider resolut zivil a militäresch Ënnerstëtzung zougeséchert. Am Géigenzuch wëllt d'Ukrain mat hirer Expertise an Erfarung bei der Opklärung vun den Tëschefäll hëllefen.

Moskau huet iwwerdeems Géigemesuren annoncéiert. De Wladimir Putin huet déi däitsch Reaktioun als "Feeler" bezeechent an der däitscher Regierung virgehäit, hiert Virgoe géif mat Walkämpf, déi bevirstinn, zesummenhänken.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO