18. Dag vum Krich an der UkrainRussland verstäerkt d’Offensiv, iwwer 2.100 Doudeger zu Mariupol

RTL Lëtzebuerg
An der Ukrain ass e Sonndeg och en amerikanesche Journalist ëm d'Liewe komm an en zweete blesséiert ginn.
18. Dag Krich an der Ukrain
Déi wichtegst Entwécklungen aus de leschte 24 Stonnen am Iwwerbléck.

Um 18. Dag vum Krich an der Ukrain attackéiert Russland Ziler no un der Grenz vum Nato Member-Staat Polen. Déi Alliéiert géifen all Zentimeter vum Nato-Territoire verdeedegen, huet den US-President Joe Biden wësse gedoen.

Parallel wiisst d’Angscht, datt de Wladimir Putin an der Ukrain biochemesch Waffen asetze kéint. An der Uertschaft Popasna am Donbass sollen d’Russen e Samschdeg scho Phosphorbomme geheit hunn. Eng Meldung, déi bis ewell awer net vun onofhängege Sourcë konnt iwwerpréift ginn.

Russland huet eng Base fir militäresch Übungen attackéiert, déi nëmmen eng 15 Kilometer vun der polnescher Grenz ewech ass. Dobäi si 35 Mënschen ëm d’Liewe komm, 134 Persoune goufe blesséiert. Vun den ukraineschen Autoritéiten heescht et, datt d’Russen iwwer 30 Rakéite bei dëser Attack geschoss hunn. Op Videoen a Fotoe gesäit een enorm Schied.

Den ukrainesche Verdeedegungsminister sot, et wier en Ausbildungszenter viséiert gewiescht, wou och Blohelmer fir Friddensmissioune forméiert ginn an an deem bis kuerz virum Krich och nach Formateure vun der Nato geschafft hunn.

Et ass net gewosst ob och Auslänner ënnert den Affer sinn, d’Identifikatioun wier nach amgaangen.

Dem ukrainesche Verdeedegungsminister no huet een et hei mat enger weiderer Attack op de Fridden an d’Sécherheet an der Géigend vun der EU- an der Nato-Grenz ze dinn. Hien huet d’Nato op en Neits opgefuerdert, e Fluchverbuet iwwert der Ukrain ze decidéieren. D’Allianz huet dat jo bis elo refuséiert.

E Sonndeg den Owend huet déi russesch Säit matgedeelt, datt een “op d’mannst 180 auslännesch Kämpfer” ëmbruecht hätt bei den Attacken. Bis ewell konnten d’Zuele vu béide Säiten net vun onofhängege Sourcen iwwerpréift ginn.

An d’Zerstéierung bis op d’Grondmauere geet an aneren Deeler vum Land weider. A Stied wéi Mariupol, Volnovakha oder Chernihiv, wou am Fong just nach Ziviliste probéiere fortzekommen an hir Haut ze retten, wa se dann eng Méiglechkeet kréien, mellen Awunner déi ganz lescht Nuecht duerch Artilleriebeschoss. De strategesche Wäert vu ville vun deene Plazen ass net méi ginn – d’Fronten hu sech scho verlagert, mee Observateuren no géif et just nach drëms goen, fir dem Vollek Angscht ze maachen, Awunner ënner Drock ze setzen an all Resistenz d’Hoffnung an d’Moral ze briechen.

Ukraineschen Informatiounen no si bis ewell op d’mannst 2.000 Zivilisten an der Hafestad Mariupol ëm d’Liewe komm. Eleng déi lescht 24 Stonne soll et zu 22 Loftattacke komm sinn, bei deenen 100 Bommen néiergaange wieren.

An der Stad Butscha bei Kiew si 67 Zivilisten an engem Massegraf begruewe ginn. Op engem Video gesäit een, wéi Läichen a schwaarze Plastikssäck vun engem Camion an d’Graf geluecht ginn. Ukrainesch Medien zitéieren en Dokter, dee seet, d’Leit wieren net alleguer identifizéiert ginn.

Ukrain a Russland komme sech méi no

Wat d’Friddensgespréicher betrëfft, gëtt et liichten Optimismus. Wéi et heescht, rechne Moskau a Kiew mat Fortschrëtter bei de Verhandlungen.

E Member vun der russescher Verhandlungsdelegatioun schléisst net aus, datt déi zwou Säiten an deenen nächsten Deeg op eng gemeinsam Positioun kéinte kommen. Änlech Wierder komme vum Beroder vum ukrainesche President Selenskyj.

De Spriecher vum Kreml huet op der russescher Televisioun nach emol gesot, hie géif e Rendez-vous tëschent dem russesche President Putin an dem ukrainesche President Selenskyj net ausschléissen. Et misst awer am viraus gekläert sinn, wat d’Resultat vun deene Gespréicher soll sinn an iwwert wat geschwat gëtt. Iwwert d’Konditioune fir en direkt Gespréich op héchstem Niveau sollen déi zwou Verhandlungsdelegatiounen diskutéieren.
US-Journalist an der Ukrain ëm d’Liewe komm

An der Ukrain ass an deene leschte Stonnen och en amerikanesche Journalist ëm d’Liewe komm an en zweete blesséiert ginn. En Dokter sot, déi zwee Journaliste wieren an der Géigend vun Irpin an engem Auto, zesumme mat engem ukraineschen Zivilist, ënnerwee gewiescht, wéi op de Won geschoss gouf. Och den ukraineschen Zivilist gouf blesséiert. Irpin gëtt zënter Deeg vun de Russen attackéiert. Et ass e Viruert vu Kiew.

1300 Leit bei Protester a Russland festgeholl

A Russland sinn op d’mannst 1300 Leit festgeholl ginn, déi géint de Krich an der Ukrain protestéiert hunn, heescht et vu Biergerrechtler. Et goufen Aktiounen an 21 Stied an et ass dovunner auszegoen, datt d’Zuel vun den Arrestatiounen am Laf vum Sonndeg nach klëmmt. Zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun wieren a Russland iwwer 14.000 Mënsche festgeholl ginn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO