De 24. Februar 2022 wäert als aschneidenden Datum an d'Geschicht agoen. Russesch Truppe sinn an d'Ukrain agedrongen. Mee wéi koum et iwwerhaapt dozou?

De Konflikt tëscht Russland an der Ukrain leeft schonn zanter Joren. Enn Februar ass en duerch déi russesch Invasioun allerdéngs an eng nei Phas iwwergaangen. Mee wourëm geet et am Konflikt iwwerhaapt?

1991 ass d'Ukrain onofhängeg ginn. Bis dohi war d'Gebitt als eng vu 15 Republicken en Deel vun der Sowjetunioun. An engem Referendum hunn den 1. Dezember 1991 méi wéi 90 Prozent vun de Wieler an der Ukrain fir d'Onofhängegkeet vum Land gestëmmt. Schonn een Dag drop huet och Russland der Ukrain hir Onofhängegkeet unerkannt. Zanterhier ass d'Land souwuel westlech, wéi och ëstlech gepräägt.

Anescht wéi déi fréier Sowjetunioun-Memberen Estland, Litauen a Lettland, gehéiert d'Ukrain awer weiderhin net der NATO oder der EU un. Ëm d'Bezéiungen zu der EU goung et bei de sougenannte Maidan-Protester, déi d'Ukrain tëscht November 2013 a Februar 2014 beweegt hunn. Déi deemoleg Regierung ëm de Russland-frëndleche Wiktor Janukowytsch an der Ukrain hat iwwerraschend ugekënnegt, eng Associatioun mat der Europäescher Unioun net an engem Ofkommes formaliséieren ze wëllen. Dëst war awer eng vun de Haaptfuerderunge vun den Demonstranten.

Russland huet op d'Onrouen an der Ukrain, déi och separatistesch Ustriewungen an der Krim mat sech bruecht hunn, 2014 mat der Annexioun vun der ukrainescher Hallefinsel am Schwaarze Mier reagéiert. Zanterhier kënnt de Konflikt tëscht der Ukrain a Russland net zur Rou. Konflikter tëscht pro-russesche Separatisten an dem ukrainesche Militär stounge virun allen an den nordëstleche Regioune ronderëm d'Stied Donezk a Luhansk op der Dagesuerdnung.

Nodeems den aktuellen ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj de Petro Poroschenko am Mee 2019 un der Spëtzt vum Land ofgeléist hat, huet sech d'Ukrain méi a Richtung Weste gedréint. De Selenskyj hat als kloert Zil, d'Ukrain souwuel zu engem Member vun der EU, wéi och zu engem Member vum nordatlantesche Verdeedegungsbündnis NATO ze maachen.

Virun allem e Bäitrëtt vun der NATO gesäit Russland awer extrem kritesch. Russland fuerdert scho laang vun der NATO, sech ze verflichten, keng weider Länner am Oste vun Europa opzehuelen. Zanter dem Enn vun der Sowjetunioun sinn allerdéngs eng ganz Rei ëstlech Länner an d'NATO opgeholl ginn, dorënner 1999 Polen, Ungarn an Tschechien, 2004 ënnert anerem Bulgarien a Rumänien an 2017 zulescht de Montenegro an Nordmazedonien.

Esou sti sech d'NATO a Russland den Ament géigeniwwer:

RTL

Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert. / © RTL-Grafik

Aus russescher Siicht gëtt des Ostexpansioun als Iwwergrëff gewäert, an de russesche President Vladimir Putin huet si och als Grond fir d'Invasioun vun der Ukrain genannt. Déi russesch Aflosszon wier doduerch méi kleng ginn, déi westlech méi grouss. Am Kader vun der Vereenegung vun Däitschland wier Russland am sougenannten "Zwee+Véier-Vertrag" zougesot ginn, datt dat westlecht Bündnis sech net weider no Osten ausbreet. E schrëftlechen Accord gëtt et dozou awer net, soen dorop déi westlech Vertrieder.

D'Ukrain ass keen NATO-Member, och wann d'Land schonn dacks Bestriewungen an déi Richtung gemaach huet. Am Joer 2008 huet d'NATO d'Demande vun der Ukrain ofgeleent, obwuel d'USA fir eng Opnam waren. Am Mäerz 2018 krut d'Ukrain vun der NATO de Status vun engem Bäitrëttskandidat, ënnert der Begrënnung, all Land kéint seng Bündnispartner fräi wielen. Dëse Schrëtt huet d'Ukrain awer dee Moment och méi an d'Spannungsfeld tëscht der NATO a Russland bruecht.

Sollt et am Kader vun der Situatioun an der Ukrain zu enger Ausernanersetzung tëscht Russland engem NATO-Memberland kommen, géing de sougenannten "Bündnisfall" antrieden. Den Artikel 5 vum NATO-Vertrag gesäit vir, datt een Ugrëff op ee Memberland als Ugrëff op all Memberlänner gesi gëtt. Deemno missten d'Memberlänner an deem Moment entspriechend Mesuren ergräifen, dorënner och "Waffegewalt".