
Trotz dësen Ausbréch argumentéieren Notzer vu Sozialen Netzwierker géint eng Impfung géint dës Krankheet, andeem si behaapten, eng virun zéng Joer duerchgeféiert Etüd géif beweisen, dass eng Infektioun Kriibs verhënnere kéint. Medezinesch Experte soten, dass dës Opfaassung eng Fallstudie falsch interpretéiere géif. An dëser Etüd goufe manipuléiert Viruszelle - déi sech vu Wëlltyp-Riedelen ënnerscheeden - fir eng Kriibstherapie benotzt. D’Experte soten och, dass eng wäit verbreet Impfung recommandéiert gëtt, fir immungeschwächt Kriibspatienten ze schützen.
“Wann ee bedenkt, dass de Riedelvirus dofir bekannt ass, datt Kriibs net méi nogewise ka ginn ... a si déi lescht 50 Joer domat verbruecht hunn, Iech dovun ze iwwerzeegen,dass et eng vun den déidlechste Bedrounge fir d’Mënschheet ass”, sou den Text an engem Facebook-Video vum 13. Dezember 2025.
Am Clip, dee méi wéi 200.000 Mol opgeruff gouf, gëtt behaapt, dass eng Aarbecht vun der Mayo Clinic aus dem Joer 2014 beweist, dass “héichdoséiert Riedelvirussen” zur “Remissioun vu Bluttkriibs” féieren.
Eng Rëtsch aner Bäiträg, déi am Laf vum Joer 2025 op X , Instagram , Facebook an TikTok gedeelt goufen, hunn änlech Behaaptunge verbreet, an deene behaapt gouf, dass d’Mayo Clinic bewisen hätt, dass Riedele viru Kriibs schützen an dass d’Fuerschung weise géif, “firwat Big Pharma Iech dorun hënnere wëll, se ze kréien”.
Riedele sinn en héichustiechende Virus, dee Symptomer an den Otemweeër ausléist an zu Enzephalitis an zum Doud féiere kann (hei archivéiert). Duerch Impfcampagnen an Nordamerika am Ufank vum 20. Joerhonnert goung den Infektiounstaux drastesch zeréck, awer eng Abberzuel Ausbréch zënter 2024 hunn zu enger spronghafter Hausse vun de Fäll an den USA, Mexiko a Kanada geféiert.
D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet sech zum Zil gesat, d’Riedelen duerch Impfcampagnë fir Kanner bis 2030 weltwäit auszerotten, huet awer am November 2025 zouginn, dass dëst Zil “nach wäit ewech läit”, zemools den Impftaux a Länner mat héijem Akommes erofgeet (hei archivéiert).
Kanada huet am November 2025 säi Status als fräi vu Riedele verluer.
D’AFP huet eng Rei ierféierend Behaaptungen iwwer de Virus an den Impfstoff géint Riedelen, Mumps a Riselen opgedeckt,, dee géint dës Krankheet immuniséiert. D’Bäiträg, déi behaapten, dass Riedele viru Kriibs schützen, sinn och ierféierend.
D’Mayo Clinic hat 2014 eng Untersuchung iwwer e Fall publizéiert, bei deem eng manipuléiert Versioun vum Riedelvirus benotzt gouf, fir Myelom-Plasmazellen ze eliminéieren (archivéiert hei an hei), a bei deem de Patient a Remissioun goung (de Kriibs goung zeréck, Um. v. d. Red.). Awer dës Infusioun war net dat selwecht wéi eng Riedelinfektioun.
Als Reaktioun op Anti-Impf-Behaaptungen, déi sech aus der Fuerschung erginn hunn, hat d’Mayo Clinic 2019 eng Stellungnam ofginn, an där et geheescht huet, dass Riedelen net viru Kriibs schützen an dass eng viregt Impfung de “potenziellen Notzen vun enger Kriibstherapie” erhéije géif (hei archivéiert).
“Et gëtt keng Beweiser dofir, dass Riedelen d’Entwécklung vu Kriibs verhënnere kënnen”, huet de Stephen Russell, Professer fir Molekularmedezin op der Mayo Clinic an ee vun den Auteure vun der Etüd, an engem Video bäigefüügt, deen zesumme mat der Stellungnam verëffentlecht gi war (archivéiert hei an hei).
De Russell sot, d’Patientin an dësem Fall wär virdru géint Riedele geimpft ginn, wat zu hirer positiver Reaktioun bäigedroen hätt.
Am Fall vun der Mayo Clinic aus dem Joer 2014 koum eng Klass vu Kriibsbehandlungen an den Asaz, déi als onkolytesch Virotherapie bekannt ass a bei där Derivatioune vu Viren, wéi Riedelen, agesat ginn, déi sou konstruéiert sinn, dass se Kriibszellen ugräifen (hei archivéiert).
“Awer dat ass eng komplett aner therapeutesch Uwendung vu Virusse wéi dat, wat bei natierlechen Infektioune geschitt”, sot den John Bell, ee vun de Chefwëssenschaftler am Ottawa Hospital Research Institute, an engem Interview vum 15. Dezember 2025 (hei archivéiert).
De Bell, dee sech mat der Erfuerschung vun der onkolytescher Virotherapie befaasst, huet erkläert, dass d’Behandlung, déi de Patient am Fall vun der Mayo Clinic krut, eigentlech eng Derivatioun aus dem Riedelvaccin war, am Géigesaz zum Wëlltyp-Virus, deen duerch eng Infektioun iwwerdroe gëtt (hei archivéiert).
Zousätzlech sot de Bell zum Impfstatus vun der Patientin, dass d’Immunsuppressioun duerch hir Kriibserkrankung et der manipuléierter Versioun vum Riedelvirus erméiglecht huet, Kriibszellen unzegräifen, wärend dat normaalt Geweebe ignoréiert gouf.
De Bell huet kloergestallt, dass de Fall am Joer 2014 d’Patientin wuel erfollegräich a Remissioun bruecht hätt, d’Benotzung fir dës Manéier vu Riedel-Virotherapie awer nach “staark an der Entwécklung” ass.
Geentechnesch verännert Versioune vun engem anere Virus, dem Herpesvirus, goufen an de Vereenegte Staaten fir d’Behandlung vu Melanomen an a Japan fir d’Behandlung vu Glioblastomen zougelooss (archivéiert hei an hei).
Déi meescht Kriibspatiente sinn immungeschwächt an hunn en héije Risiko fir Niewewierkungen, wa si sech mat enger Krankheet wéi Riedelen infizéieren, sot de Bell (hei archivéiert). Dowéinst huet hie sech fir eng Impfung vun der Allgemengbevëlkerung ausgeschwat, fir Leit mat engem méi schwaachen Immunsystem virun enger Infektioun ze schützen.
De Pierre-Philippe Piché-Renaud, Dokter fir pediatresch Infektiounskrankheeten am Hospital for Sick Children zu Toronto, huet och d’Bedeitung vun der Impfung géint d’Riedele betount (hei archivéiert).
“Wann d’Leit déi falsch Virstellung hunn, dass et viru Kriibs an Infektioune schütze kéint, géife si immens enttäuscht sinn, well dës Infektiounen - d’Riedelen - bewierke genee de Géigendeel”, sot hien an engem Interview vum 11. Dezember 2025.
“Leit, déi mat Riedelen infizéiert sinn, hunn e méi héije Risiko, aner Infektiounen ze kréien.”
De Piché-Renaud huet de Fakt, dass Riedelen a Kanada nees optrieden, op d’Noléissegkeet beim Vaccin zeréckgeféiert, déi d’Resultat vun engem Mangel u verlässlechen Informatiounen iwwer d’Impfung ass, souwéi op den limitéierten Zougang zu Impfungen op bestëmmte Plazen.
Hien huet recommandéiert, vertrauenswierdeg Quellen an Dokteren ze consultéieren, fir erauszefannen, wéi eng Impfung eng Riedelinfektioun verhënnere kann.
Weider AFP-Artikelen iwwer Feelinformatiounen a Kanada fannt Dir hei.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.