De Chef vun der Sich- a Rettungsautoritéit huet e Méindeg matgedeelt, datt d'Zuel un Doudegen nom Färongléck virun der Küst vun Indonesien antëscht op sechs geklommen ass. 129 Leit géinge weiderhi vermësst. D'Schëff mat 243 Leit u Bord war um Wee vu Java op Borneo an en Onwieder geroden an ëmgekippt. 108 Leit konnte bis ewell gerett ginn.
Fir d'Sichekippen ze verstäerken, koumen e Méindeg Fliger, Schëffer vun der Marinn an Daucher an den Asaz. D'Sich konzentréiert sech virun allem op d'Gebitt ronderëm d'Fär. Daucher an Ënnerwaasserdrone sollen am a ronderëm d'Wrack no de Vermësste sichen.
D'"Virgo Transport 8" hat e Sonndeg de Moie mat 213 Passagéier an 30 Crew-Memberen den Hafe vu Surabaya am Oste vun der Insel Java verlooss. Zil war en Hafen op Borneo. Beim schlechte Wieder an héije Welle war awer de Kontakt zu der Fär ofgebrach.
Den indoneesesche Verkéiersminister Purwagandhi sot e Méindeg zu Journalisten, datt d'Fär net iwwerluede gewiescht wier. D'Passagéierzuel wier ausserdeem ënnert der Héchstcapacitéit vu 500 gewiescht.
Schonn am August ware bei engem Brand op enger Fär op d'mannst fënnef Leit ëm d'Liewe komm. Am Juli war eng Fär mat méi wéi 70 Passagéier um Wee op d'Insel Selaya ënnergaangen. Op d'mannst véier Leit waren dobäi gestuerwen, weider 14 Leit goufen nom Enn vun der Sichaktioun nach ëmmer vermësst.