Wee fräi fir eege Kandidatur bei NeiwalenSerbesche President Aleksandar Vucic trëtt zréck

AFP, iwwersat vun RTL
Nodeems de serbesche President Ufank September d'Parlament fir Neiwalen opgeléist hat, huet hien elo säi Récktrëtt annoncéiert.
Der serbische Präsident Aleksandar Vucic hat seinen Rücktritt erklärt und damit den Weg für seine Kandidatur als Regierungschef bei den vorgezogenen Neuwahlen am 25. Oktober freigemacht. "Ich trete als Präsident zurück", sagte Vucic am Sonntag.
De serbesche President huet e Sondeg säi Récktrëtt erkläert.
© AFP/Archiv

De serbesche President Aleksandar Vucic huet säi Récktrëtt erkläert an domat de Wee fir seng Kandidatur als Regierungschef bei de virgezunnen Neiwalen de 25. Oktober fräigemaach. "Ech trieden als President zréck", sot de Vucic e Sonndeg viru Supporter am Presidentepalais zu Belgrad. "Muer de Moie wäert ech meng Amtsgeschäfter un de Parlamentspresident iwwerginn."

Eigentlech sollt a Serbien eréischt am Dezember 2027 en neit Parlament gewielt ginn. Op Drock vun der Oppositioun hin hat de Vucic awer Ufank September d'Parlament opgeléist an Neiwalen ausgeruff.

A Serbien gi reegelméisseg Protester organiséiert, zanterdeem e Virdaach op enger Gare zu Novi Sad am November 2024 an de Koup gefall war a 16 Leit dobäi ëm d'Liewe koumen. Ufanks goung et dobäi virun allem ëm d'Ursaach vum Ongléck, am weidere Verlaf riichte sech d'Demonstranten, déi haaptsächlech Studente sinn, generell géint d'Regierung an d'Korruptioun, déi am Land wäit verbreet ass.

Back to Top
CIM LOGO